
Déi nach bis 2023 valabel Fangquote sollen deemno net verlängert ginn. D’Politikerin vun der Lénks-Grénger Beweegung huet dobäi op d’Baisse vun der Nofro verwisen. Den Ament gëtt et an Island eng bis 2023 valabel Quot, där no pro Summer 209 “Finnwalen” an 217 “Zwergwalen” erluecht dierfe ginn.
Wann et keng Entwécklunge géife ginn, déi de Géigendeel beweise géingen an et weider keng “Beweiser fir en ekonomesche Virdeel vun der Praxis” ginn, géifen et och nëmme “wéineg Grënn ginn, de Walfang vun 2021 un z’accordéieren”, esou d’Fëschereisministesch an engem Interview mat der Zeitung “Morgunbladid”.
Island ass een vun den dräi Walfang-Länner, nieft Norwegen a Japan. D’Juegd op d’Mieresdéiere gëtt vun Déiereschützer ëmmer rëm kritiséiert. An Island gouf allerdéngs an de leschten dräi Joer net méi kommerziellt gejot - nëmmen een eenzege Wal gouf erluecht. De Grond dofir wiere massiv Problemer mam japanesche Maart, deem Haaptpreneur fir Walfleesch. Dësen hat 2019 d’Juegd op Wale selwer rëm erlaabt.