Verstoppte VillfaltJust een Drëttel vun de Liewewiesen am déiwe Mier bekannt

RTL Lëtzebuerg
Um Grond vum Mieresbuedem liewen 3 Mol méi Organisme wéi am ganzen Ozean iwwert hinnen. Zwee Drëttel vun de Bewunner am déiwe Mier ass komplett onbekannt.
© AFP Archivbild

Dat hunn international Fuerscher elo an enger alleréischter op Gene baséierender “Vollekszielung” an den déifste Plazen am Mier erausfonnt. An dofir hu si déi sougenannten “Terra incognita” an de Weltmierer ënnersicht a Prouwe geholl. Gutt 2 Milliarden DNA-Sequenze goufen dofir ausgewäert. Zeréckgegraff gouf ënner anerem och op bal 1.700 Prouwe vu 15 internationalen Expeditiounen am déiwe Mier.

Resultat: Am Ganzen hunn d’Fuerscher 242.465 Gensignature vun eukaroyteschen Organismen identifizéiert. Dovu kéimen 1,6 Prozent an allen 3 Beräicher vum Ozean vir. Wärend an den Zonen méi no un der Uewerfläch Planktonalgen dominéieren, waren et an den däischtere Waasserschichte virun allem net vum Liicht ofhängeg sougenannten Nanoflagellater.

Déi déifsten an däischterste Plazen an eisen Ozeaner sinn e kaum erfuerschten Ökosystem. Obschonn den déiwe Mieresgrond ronn 60 Prozent vun eiser Äerduewerfläch ausmécht, gouf e bis ewell just punktuell ënnersicht. Dacks beschränke sech d’Etüden op gréisser Déieren oder Mikro-Organismen vum Sediment, zum Beispill aus dem Marianengraben.

D’Liewen um déiwe Mieresbuedem wier d’Grondlag fir e gesond Funktionéiere vun den Ozeaner an d’Banne vum atmosphäresche Kuelestoff. Béides beaflosst de Weltklima.

Back to Top
CIM LOGO