
Géint 17:34 Auer koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen um CR106 tëscht Habscht a Schweebech, bei där eng Persoun blesséiert gouf. Um Asaz waren d'Rettungsekippe vun Habscht a vu Stengefort.
Keng zéng Minutte méi spéit gouf et en Asaz fir de Samu-Noutdokter zesumme mat de Stater Rettungsdéngschter um Kierchbierg. An der Avenue John F. Kennedy gouf e Foussgänger vum Tram ugestouss a blesséiert.
Kuerz virun 23 Auer waren dann nach zwee Autoen an der Rue du Herrenberg zu Dikrech net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten, ëm dee sech d'Pompjeeën an d'Ambulanciere vum Zenter Nordstad gekëmmert hunn.
Géint 00:49 Auer gouf dann nach eng Persoun bei engem Accident um Potaschbierg bei Gréiwemaacher blesséiert. Hei waren d'Ambulanciere vu Mäertert an d'Pompjeeë vu Fluessweiler op der Plaz.