
Dee Message huet d’UEL um Dënschdeg an engem Communiqué matgedeelt. Dat nodeems den Aarbechtsminister Marc Spautz gesot hat, Flexibiliséierungen dierften just am Kader vun engem Kollektivvertrag erméiglecht ginn. Sou haten d’Sozialpartner, also och d’UEL, dat och am Juli mat der Regierung explizitt festgehalen. Am Plan d’action national pour promouvoir la négociation collective sinn dräi Punkten opgezielt, op deenen eng Ouverture méiglech ass: D’Méiglechkeet, d’40-Stonne Woch a véier Deeg ze schaffen, datt méi ewéi eng Paus am Dag soll kënne gemaach ginn an de Weekend anescht amenagéiert ginn. “Toute évolution de l’organisation du temps de travail serait subordonnée à la conclusion d’une convention collective”, steet am Aktiounsplang.
Trotzdeem war ee bei der UEL um Dënschdeg iwwerrascht, datt den Aarbechtsminister elo un deem Accord wëll festhalen. D’UEL-Directrice Charlotte Junck:
“Wat fir eis extreem wichteg ass, ass fir ze kucken, wat d'Realitéit um Terrain ass a mir hunn emol do awer trotzdeem Memberen, wat vill kleng Entreprisë sinn, déi zu eis soen, dass dat fir si esou à l'heure actuelle net méiglech ass, fir dat ëmzesetzen. An ech mengen, wann ee vun esou engem Avant-projet de loi schwätzt, muss ee jo kucken, dass et am Endeffekt Sënn mécht an dass et de bon sens ass. An dofir war dee Communiqué gëscht Owend, erausgaangen, well mer effektiv e bëssen erstaunt waren iwwert déi Prise de position vum Minister gëschter Moien.”
Op d’Fro, ob der UEL hiert Wuert näischt wäert ass, wa si trotz hirem Engagement vum Summer elo eng De-Minimis-Reegel fuerdert – also eng Ausnam, fir datt kleng Entreprisen ouni Kollektivvertrag kënne flexibiliséieren, seet d’Charlotte Junck.
“Nee, dat géif ech esou net soen an ech mengen, wann een dat esou versteet, dann, da versteet een et grondfalsch. Ech mengen, dass mer elo gesot hunn, mir géife gäre fir déi do Betriber eng Méiglechkeet fannen, de Fait dass mer jo nach diskutéieren an de Fait dass mer dat an deene leschte CPTEen ëmmer erëm widderholl hunn, dass mer musse fir déi kleng Betriber eng Méiglechkeet fannen an eng Solutioun fannen an dat zesummen an engem Sozialdialog mat de Partenaires-socialle fannen, weist jo awer, dass de Problem a do ass a b, dass mer gär géifen zesumme kucke mat hinnen. An dofir hu mer och, an dat hate mer och dem Minister gesot. Gesot ass d'Syndikater, dass do soll den Droit de regard kommen, dass et also net heescht, ech hat dat héiere vun deem Wildwuchs, et geet net drëms fir ze kucken, fir si ganz erauszehuelen, et geet net drëms, fir dat einfach esou am klengen Kämmer leien ze maachen, sondern et geet reell drëms, fir ze kucken, wéi kënne mer et an der Praxis esou ëmsetzen, dass all Betrib dat ka maachen.”
D’Aarbechtszäitorganisatioun soll elo nach emol Sujet am Comité permanent du Travail de l’Emploi sinn – obschonns den Aarbechtsminister Marc Spautz se net méi um Ordre du jour virgesinn hat. Hie wëll den Dossier ofschléissen. D’Presidentin vum OGBL Nora Back gesäit dat änlech:
“Dat Theema vum Kollektivvertrag oder net, dat ass säit Juli zou. Mir hunn effektiv am Plan d'action nationale fir méi Kollektivvertrag zu dräi, ronderëm den Dësch gesot, Aarbechtszäite ginn an de Kollektivvertrag verhandelt. Domadder war jo och de ganze Sträit lassgaange virun zwee Joer. Dee ganze wäite Wee, dee mer gemaach hunn, war fir dohinner ze kommen. Mir waren och iwwerrascht, dass d'UEL dat Theema elo nach eng Kéier wëllt opmaachen, mee dat ass fir eis absolutten No-Go, also mir sinn net méi bereet, elo nach eng Kéier dee Sträit anzegoen, d'Kollektivvertrag hei mussen ze verdeedegen.”
An deem Accord war keng Rieds dovun, datt bei der Deelzäitaarbecht soll flexibiliséiert ginn. Domat hunn d’Gewerkschaften e Probleem.
“Dat kënnt genau aus deene Secteuren, den Niddregloun-Secteuren, fir et elo mol esou ze soen, wou mer souwisou schonn dauernd vill verlaange vun de Leit. Dat ass de Secteur vum Nettoyage an de Secteur vum Commerce, wou ganz, ganz vill Leit à temps partiel schaffen an e bëssen à la merci vum Patron sinn. Dee seet, da brauch ech dech, da brauch ech dech manner.”
Dogéint wëll sech den OGBL wieren, esou d’Nora Back:
“D'Leit, déi an dem Handel schaffen, déi si schonn iwwert déi nei Leit-an Ëffnungszäiten iergendwou leséiert ginn. An d'Leit am Nettoyage-Secteur si souwisou déi klengst an der Ketten. A mir wieren eis dogéint, dass déi dann dem komplette Wildwuchs ausgeliwwert ass. Duerfir hu mir e Problem mat der Flexibiliséierung vum Temps partiel, well mer leider zu Lëtzebuerg ganz vill Leit hunn, déi sinn an engem Temps partiel subi, wéi se esou seet, déi hu guer net gefrot, fir an engem Temps partiel ze sinn, kréien en unilateral opgedrängt.”