Eng gutt an eng schlecht Nouvelle hu mer haut fir all d’Frënn vun der Smart-Serie: déi gutt: et ginn 3 neier vun deene klenge faarwege Bichelcher. Déi schlecht Nouvelle: mat den Nummeren 18, 19 an 20 ass d’Serie elo komplett, et sinn also definitiv déi läscht Smarten! D’Bea Kneip war bei der Buchpräsentatioun en Dënschden am CNL dobäi.

Déi 3 Smart-Titelen: „Fuck“ vun der Gintaré Parulyte, „Tunnel of Love“ vun der Jackie Messerich, an „Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?“ vum Jean-Paul Maes, alleguer erauskomm bei Kremart Edition.

D'Gintaré Parulyte huet de Smart Nummer 18 "Fuck" geschriwwen / © RTL/Bea Kneip

De Jean-Paul Maes, Auteur vum Smart Nummer 20 "Wat geet mech de Bertemes iwwerhaapt un?" / © RTL/ Bea Kneip

Jackie Messerich, de Smart Nummer 19 "Tunnel of Love" ass aus hierer Fieder / © RTL/Bea Kneip

Zu Miersch haten sech (bal) all Smart-Auteuren afonnt / © RTL/ Bea Kneip