Dës Novell ass déi éischt Publikatioun vun der talentéierter Lëtzebuerger Autorin

E Mann kënnt heem, wëll seng Post aus der Bréifkëscht huelen...a mierkt dass seng Bréifkëscht verschwonnen ass. Einfach: weg! Dat ass och den Titel vun der Véronique Lasar hirem éischte Buch dat d'Bea Kneip Iech elo virstellt.

"Weg"

Seng Bréifkëscht ass fort, d'Nopesch erkennt en net erëm, Telefonsabo a Mailbox hunn opgehalen z'existéieren, a souguer d'Leit op der Strooss schéngen hien net méi ze bemierken. De Gaspard Lhose ass einfach aus sengem eegene Liewe verschwonnen, einfach esou, ouni Erklärung. Och op der Aarbecht gëtt en net vermësst, an esou mécht en sech op de Wee duerch d'Stad, villäicht op der Sich no Äntwerten, awer ouni kloert Zil. "Weg" oder "Weg", den Titel vun dëser Novelle kann een esou oder esou interpretéieren.
Wien ass dann dee Gaspard Lhose den esou konsequent vu senge Matmënschen iwwersi gëtt? Eigentlech e ganz gewéinleche Matbierger, den sech duerch näischt besonnesch auszeechent, net vill sozial Kontakter huet an och soss net opfält. Doduerch ass hie villäicht och eng Grëtz manner op sech selwer fixéiert wéi alleguer déi aner, déi hei als "erlesene Menschen, Perfektgeschöpfe, ungemein effizient und dermatologisch einwandfrei" beschriwwe ginn an déi sech mat Virléift "zielstrebig" duerch de Business Improvement District oder déi neitsten "Erlebniseinkaufsmall" bewegen.
D'Stad Lëtzebuerg gëtt zwar liicht verfriemd duergestallt, ass awer trotzdem kloer erëm z'erkennen. Trotzdem hätt dat ganz sech och enzwousch anescht kéinten ofspillen. Konsumwahn a Blingbling gëtt et och op anere Plazen.
De Gaspard kann domat net ganz vill ufänken. Och wann hien sech net bewosst ausgrenzt, bleift hien en Eenzelgänger, hie fonctionnéiert einfach net esou wéi déi aner. D'Grondiddi vun der Novell ass interessant, allerdéngs war ech vun der Ausféierung dach e bëssen enttäuscht. Iwwer 108 Säiten begleede mer e Protagonist deen sech net wierklech weiderentwéckelt an den och no der éischter Iwwerraschung net ganz vill Neies erlieft. Trotzdem sinn eng ganz Rëtsch interessant Usätz z'erkennen an och sproochlech kann d'Véronique Lasar déi vu Formatioun Léierin ass, duerchaus iwwerzeegen. Talent huet si ganz sécher, et hätt een sech fir "Weg" just e bessere Plang a méi eng kloer Struktur gewënscht.

D'Novelle "Weg" vun der Véronique Lasar ass am Treibgut Verlag erauskomm.

© RTL/Bea Kneip