
© Luxart
E Buch a Lëtzebuerger Sprooch zum Thema Altersheim.
De Papagei flitt dohin, fir de Bopi Romeo ze besichen, mä deen kennt hien net méi erëm.
De Papagei begéint verschiddenen Déieren am Park, déi do wunnen. Hie léint sech mol kuerz dem kleng Mikka, deen op Besuch kënnt seng Rollschong mol aus a flitt duerch de Park. D’Leit mengen, hie wär en Ufo.
Owes, wéi et ganz roueg war, brécht op eemol e Feier aus an de Papagei Oscar hëlt sech séier een Eemer an flitt mat Waasser hin an hier, bis dass d’Feier aus ass. Wéi d’Pompjéeën ukoumen, war alles an der Rei.
Hei sollt am Ufank agefaang ginn, mä den Direkter vum Altersheim mengt am Ufank eng grouss Volière bauen ze loossen an de Papagei anzefänken. Herno decidéiert hien, en awer fräi ze loossen. Esou kann hien nach oft zeréck kommen bei d’Bewunner, déi vill Spaass mat him hunn.
D’Buch beschreift och den Alldag vum Altersheim, zemools well de Papagei Oscar duerno freet. Esou gëtt alles opgezielt a mat flotten faarwegen Fotoen, Cartoons an Aquarellen illustréiert a beschriwwen. Et gëtt de Bewunner ni langweileg, well vill Aktivitéiten ugebueden ginn. Si sangen, molen, bastelen, danzen am Sëtzen, maachen vill Ausflich.
Zum Schluss am Buch fënnt een och e puer Erklärungen zu den Alterskrankheeten wéi Demenz an Alzheimer an awer och, iwwer Leit, déi nach sportlech Héchstleeschtungen maachen, wéi zB e Marathon lafen.
Zwou Säiten Witzer däerfen natierlech net fehlen...
E Buch fir jonk an al. Erauskomm bei Luxart.