Zuchverbindungen ënnerbrachAktuell keng Zich tëscht Beetebuerg an Thionville

Tom Nols
Wéinst engem Problem op der Streck Stad-Thionville-Metz fueren aktuell a béid Richtunge keng Zich tëscht Beetebuerg an Diddenuewen.
Tëscht Beetebuerg an Thionville fueren aktuell keng Zich.
© Pitt Wagner

Wéinst engem Problem um franséische Reseau ass d'Zirkulatioun op der Streck Stad-Thionville-Metz tëscht Beetebuerg an Diddenuewen a béide Richtungen ënnerbrach. Dat deelen d'CFL an engem Communiqué mat.

D'Ekippe vun der SNCF sinn op der Plaz, fir de Problem an de Grëff ze kréien. Aktuell kéint een awer nach net viraussoen, wéi laang d'Aarbechte géingen daueren.

D'CFL entschëllege sech bei de Passagéier a verweise fir Alternativen an Horairen op cfl.lu, respektiv op d'CFL-App.

Back to Top
CIM LOGO