An engem Pressecommuniqué, deen d'Stad Diddeleng zum Devoilement publizéiert huet, heescht et, den neie Logo géing "ënnert anerem op der Vue op Diddeleng vum Waassertuerm aus" baséieren. "Jee no Bléckwénkel erënnert d'Geometrie vun der Stad un eng Sonn, deenen hir Strale sech ronderëm ee Mëttelpunkt ausbreeden".
An de soziale Reseaue gefält dat awer net jidderengem. Ee Kritikpunkt ass dobäi besonnesch heefeg ze liesen: Den neie Logo géing un de japanesche Militärfändel, dem "Kyokujitsuki" erënneren an domat och un en däischtert Kapitel aus dem Zweete Weltkrich. Ënnert deem Fändel war déi mat Nazi-Däitschland alliéiert japanesch Keeserarméi responsabel fir sëllege Krichsverbriechen am asiatesche Raum. D'japanesch Arméi, notamment d'Marinn, notzt de Fändel awer och haut nach, wann och a liicht ugepasster Form.
Dee selwechte Kritikpunkt mierkt och d'Diddelenger DP-Sektioun an engem Facebookpost un. Iwwerdeem ass et och d'Kritik vun de Liberalen, datt weeder d'Bierger vun der Stad Diddeleng, nach de Gemengerot an d'Decisioun iwwert déi nei visuell Identitéit mat agebonne goufen.
Och déi Lénk an déi Gréng kritiséieren e Manktem u Biergerbedeelegung an un Transparenz, wat de Käschtepunkt ugeet. Wéi Lëtzebuerger Wort an Tageblatt gemellt haten, soll dëse bei ca. 37.000 Euro leien. Déi Gréng fuerderen de Schäfferot an deem Kontext ënner anerem op, an der nächster Gemengerotssëtzung Detailer zur Zesummesetzung an dem Entsteeungsprozess ze ginn.
Och d'CSV hätt sech méi Transparenz bei den Infoen zu de Käschte gewënscht, lueft dogéint awer d'Element vun de Sonnestralen am Logo.
Och ënnert de Facebookposts zum neie Logo vun der Stad Diddeleng gouf vu sëllege User net mat Kritik gespuert. D'Kommentarfunktioun ass entretemps ausgeschalt ginn. Den Diddelenger LSAP-Buergermeeschter Dan Biancalana huet iwwerdeems op RTL-Ufro zougesot, sech e Freideg an engem Interview ze äusseren.
En Donneschdeg am Nomëtteg huet de Buergermeeschter- a Schäfferot dann och an engem Facebookpost op déi sëllege Reaktioune reagéiert, déi de Logo ausgeléist huet. Et géing een all kritesche Kommentar eescht huelen a respektéieren. De Logo wier "aus engem grëndleche Reflexiounsprozess entstanen, bei deem Mataarbechter*inne vun der Gemeng an engem partizipative Prozess agebonne goufen". An Hibléck op de Reproche, den neie Logo géing deem vun der keeserlecher japanescher Arméi änelen, heescht et, "datt verschidden Duerstellungen net der initialer Intentioun an och net der Bedeitung entspriechen, déi hannert dem neie Logo stiechen".