Op oppener Strooss zu Washington D.C.Op d'mannst 2 Doudeger a 4 Blesséierter bei Schéisserei

RTL mat AFP
Am Zentrum vun der US-amerikanescher Haaptstad si mindestens 4 Persounen ugeschoss ginn. Eng ass gestuerwen. Den onbekannten Täter huet sech duerno selwer d'Liewe geholl.
En Onbekannten huet zu Washington D.C. ëm sech geschoss.
En Onbekannten huet zu Washington D.C. ëm sech geschoss.
© KEN CEDENO/AFP

Bei engem Virfall mat enger Schosswaff am Zentrum vu Washington sinn en Donneschdeg op d'mannst véier Persounen ugeschoss ginn. Dat mellen déi lokal Autoritéiten, déi am op der Plaz am Asaz sinn. Am Quartier Logan Circle, ronn eng Meil vum Wäissen Haus ewech, wier et virun engem Fitnessstudio zu enger Schéisserei komm.

An engem Point-presse huet d'Police confirméiert, dass eng Persoun gestuerwen an eng aner a kriteschem Zoustand wier.

Aenzeien no wier op d'mannst eng Persoun um Kapp blesséiert ginn. Am Fitness hätt en Onbekannten op eng Persoun geschoss a beim Verloosse vum Gebai nach anerer blesséiert. De presuméierten Täter huet sech duerno a sengem Appartement verbarrikadéiert a sech selwer d'Liewe geholl.

Awunner an der noer Ëmgéigend sinn opgefuerdert, de Beräich vum Virfall z'evitéieren. D'Police ass mat engem Groussasaz amgaangen.

Back to Top
CIM LOGO