
De Rafik Fischer gouf de 27. Abrëll 1960 zu Lëtzebuerg gebuer. No sengem Droit-Studium op der Universitéit vu Léck an enger Ausbildung op der Diplomatescher Akademie zu Wien huet hie seng berufflech Carrière am Industrieberäich ugefaangen.
1989 ass hien an de Finanzsecteur gewiesselt. No bal aacht Joer bei Kredietrust huet hien eng laang Carrière bei der KBL, der spéiderer Quintet Luxembourg, gemaach. Do war hien ënner anerem Member vum Direktiounscomité.
Vun 1998 bis 2001 war de Rafik Fischer President vun der ALFI, der Lëtzebuerger Associatioun vun den Investmentfongen. Donieft war hien tëscht 2001 an 2022 am Verwaltungsrot vun European Fund Administration (EFA) aktiv, wou hien och de Poste vum President iwwerholl hat.