Ëmmer méi Leit decidéiere sech hei am Land nämlech fir eng Anäscherung. Zejoert waren et der méi wéi 3.200. Dofir huet een zu Hamm ausgebaut a renovéiert. An de leschte Jore krut de Crematoire zwee héichmodern Iewen, elo goung et drëms, méi Plaz fir d'Famill vun de Verstuerwenen ze schafen. Deen Ausbau ass e Mëttwoch am spéide Mëtteg ageweit ginn.
Zu Hamm gi bis zu 80 Anäscherungen d'Woch gemaach. An Tëschenzäit gi méi wéi 70 Prozent vun de Leit, déi stierwen, verbrannt an et war einfach net méi genuch Plaz, fir datt Famill a Frënn hirem Verstuerwene konnten a Rou Äddi soen. Dofir ginn et elo virop méi Plaze fir Zeremonien, wéi den Tom Jungen explizéiert. Hien ass de President vum SICEC, deem interkommunale Syndikat, dee sech ëm d'Konstruktioun, den Entretien an d'Exploitatioun vum Crematoire këmmert.
"Et war justement do, wou mer gemierkt hunn, datt mer Capacitéitsenkpäss kréichen, also manner, wat den Anäscherungsprozess u sech ubelaangt, mee wierklech um Niveau vun den Zeremoniesäll an et mierkt een och, datt sech ëmmer méi Zeremonien e bësse méi laang hinzéien, datt d'Familljen eeben de Besoin och hunn, fir sech kënne vun hirem Verstuerwenen ze verabschiden. A mat där zousätzlecher Capacitéit gi mer déi Méiglechkeet."
D'Raim sinn hell a modern ageriicht an och technesch op deem leschte Stand. "Hei si mer elo an engem Sall, wou mer bis 50 Leit kënnen empfänken, wou mer eeben och mat der moderner Technik wéi engem Ecran, wéi Multimedia, de Leit kënnen d'Méiglechkeet ginn, beispillsweis en Diasporama lafen ze loossen vun hirem Verstuerwene wärend der Zeremonie, fir wierklech och de Leit, de Familljen nach méi entgéintzekommen, wéi mer dat virdru mat engem Sall just begrenzt konnte maachen."
Nei ass och eng drëtt Streewiss. Déi war op där enger Säit néideg, well d'Wiss Zäit brauch, fir sech ze regeneréieren, esou den Tom Jungen. Se bitt op där anerer Säit awer och eng weider Méiglechkeet fir Zeremonien. Där ginn et eng 650 d'Joer an am Duerchschnëtt ginn et 850 Streeunge vun Äschen. Mat oder ouni Famill.
"Eppes, wat eis u sech iwwerrascht, wat zënter Covid wierklech zouhëlt, dat ass d'Zeremonien, ouni datt d'Famill dobäi ass. Haaptsächlech zwar bei de Streeungen. Wou ech awer muss aschränkend soen, dat ass net, datt et de Leit egal ass, mee den Ëmgang mam Doud am Allgemengen ass nach ëmmer en Tabuthema a vill Leit verdroen et, vläicht och net, dat ze gesinn, wann eeben déi Äsche gestreet ginn an dann hu se léiwer, si maachen hir Zeremonie a fueren duerno heem."
Zu Hamm sinn zivil Zeremonie méiglech, mä och reliéiser. Selbstverständlech kann d'Urn vun deem Verstuerwenen och zeréck an déi Gemeng bruecht ginn, wou hie gewunnt huet oder wou seng Famill lieft. Dat kann een alles zesumme mat de Pompes funèbres organiséieren.
E Samschden ass iwweregens Porte Ouverte am Krematorium zu Hamm. Tëschent 10 a 17 Auer kréien d'Visiteuren déi renovéiert Gebaier gewisen, d'Trauersäll an d'Gedenkgäert.