Aus der Serie "Kanephora" vu Kremart: "De Bicherbus" ass den éischte Roman vun der Christiane Kremer

Kanephora 10:

“De Bicherbus” ass den éischte Roman vum Christiane Kremer. E spillt am Joer 2013 zu Lëtzebuerg. En onrouegt an turbulent Joer fir d’Land, awer och fir d’Haaptprotaginistin am Roman.

Kee versteet et, am mannsten d’Corinne selwer. D’Liewen un der Säit vum Joé, Jurist an Deputéierten, war ëmmer gutt an esou wéi geplangt. Kee Millimeter huet geännert un deem Plang, dee se sech zesummen opgestallt haten. En Team mat Zukunft. Mä wiem seng Zukunft? A wat ass mam Elo? De Bicherbus erzielt vun enger Fra, déi hire Liewenswee op eemol ännert, an dat an enger Zäit, an där och an der Politik zu Lëtzebuerg d’Verännerung an der Loft läit.

Text: Christiane Kremer

Korrektur: Myriam Welschbillig a Luc Marteling

Layout: creative corner

ISBN 978-99959-39-50-2

320 Säiten, 19,95 Euro