Besseren Echange tëscht Dokter, Assuré, Employeur an CNS Ëmmer méi elektronesch Krankeschäiner ginn ausgestallt

Julie Thilges
Zanter Januar scho kann d'CNS digital Krankeschäiner empfänken. An d'Zuelen dovu ginn an d'Luucht.
Ëmmer méi elektronesch Krankeschäiner ginn ausgestallt
Zanter Januar scho kann d'CNS digital Krankeschäiner empfänken. An d'Zuelen dovu ginn an d'Luucht

Den digitale Krankeschäin soll virun allem den Echange tëscht Dokter, Employeur, Assuré, an der CNS méi effikass maachen. De Gilles Kremer, Chef du département prestations en espèces maladie-maternité bei der CNS erkläert d'Prozedur: "Den Dokter stellt de Krankeschäin elektronesch aus, dee Moment kritt de Patient eng Notifikatioun iwwert seng GesondheetsApp oder de MyGuichet, datt dee Krankeschäin disponibel ass. An da kann iwwert de MyGuichet oder d'GesondheetsApp de Krankeschäi vum Assuré un d'CNS – wann e bei der CNS verséchert ass – oder u säin Employeur, wann dee connectéiert ass, weider verschéckt ginn."

Vu MyGuichet oder der GesondheetsApp aus kann den Assuré astellen, datt d'CNS automatesch de Krankeschäin weiderschéckt. Fir den Employeur muss den Assuré selwer de Krankeschäi weiderschécken.

Dëse System gëllt net just fir de Krankeschäin, mee och fir de Congé de maternité an de Congé pour raisons familiales.

Zanter dem 5. Januar kann d'CNS elektronesch Krankeschäiner empfänken. Am August waren et der 2.000, am Oktober war d'Zuel schonn op 6.350 geklommen. Fir den November erwaart sech d'CNS, datt ëm déi 10.000 elektronesch Krankeschäiner ausgestallt ginn. Dat wieren 20% vun de Krankeschäiner, déi d'CNS kéint digital empfänken.

Och d'Frontalieren, déi zu Lëtzebuerg bei en Dokter ginn, kënne vun dësem System profitéieren. Wa si an hirem Heemechtsland bei den Dokter ginn, gëllt dëst allerdéngs net.

Digital Sécherheet

Ëm déi 350 Dokteren zu Lëtzebuerg géingen de System schonn notzen. Der CNS no ass dat bal d'Hallschent vun den Dokteren, déi reegelméisseg Krankeschäiner ausstellen.

Hei gëtt d'digital Sécherheet, also den Dateschutz, groussgeschriwwen: "D'Authentifikatioun vum Assuré muss och iwwer Luxtrust geschéien, esou kënne mir och assuréieren, dass déi Gesondheetsdaten, déi awer relativ sensibel sinn, och geséchert sinn. Et kënnt en zweete Volet dobäi, dat ass awer éischter fir den Employeur. Dat heescht um Volet vum Employeur ass ee GouvCheck drop, a mat deem GouvCheck kann den Employeur zu all Moment feststellen, dass dee Krankeschäin, deen hie weidergeleet krut vu sengem Assuré, zum Beispill op Pabeier, och wierklech en authentesche Krankeschäin ass."

Den Dr. Sébastien Diederich ass Generalist zu Schëffleng a Generalsekretär vun der AMMD. Hien notzt de System zanter Mee: "Ech perséinlech fannen et eng gutt Saach. Et geet méi einfach, ech fannen et geet méi séier, et muss een net dauernd op der Hand schreiwen. Wann een e Feeler mécht, kann een et direkt ëmänneren. Fréier huet een da missen aussträichen, Initialen drënner maachen oder e ganz neien Ziedel benotzen. Elo kann een dat um Computer maachen. Fir de Patient ass et och méi einfach, en huet eng Preuve. Wa bei der CNS erëm eppes géif verschwannen, dann huet en eng Preuve an da kann de Patient eeben halt selwer decidéieren, wat e wëll domat maachen."

Et wier eng logistesch Ëmstellung gewiescht fir d'Dokteren, wouduerch et net direkt bei jidderengem ëmsetzbar war. Vum nächste Joer u mussen d'Dokteren de Krankeschäin elektronesch deposéieren, den Assuré an den Employeur kënnen en awer ëmmer nach op Pabeier ufroen a weiderginn.

Back to Top
CIM LOGO