Dee klenge Leo frënnt sech mat engem aussergewéinlechen Déier un. Mä de Leo ass och en aussergewéinleche Jong.

"Leo and the Octopus" dat ass den Originaltitel vun engem englesche Kannerbuch dat elo an der lëtzebuergescher Iwwersetzung (iwwersat vun der Isabelle Marinov an der Martine Schoellen) bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm ass. Dat Besonnescht dodrun? D'Autorin Isabelle Marinov ass eng Lëtzebuergerin.

"De Leo an den Oktopus" vun der Isabelle Marinov

D’Welt war ze grell fir de Leo. An ze haart.
„Villäicht liewen ech jo um falsche Planéit?“ huet hien sech gefrot.
D’Kanner wollten net mat him spillen. Si hunn hien net verstanen. An hien huet si net verstanen.

D’Liewen um falsche Planéit war ustrengend.
Et huet hie midd gemaach.
An hien huet sech dacks eleng gefillt.

Bis en d’Maya kenne geléiert huet.

D'Maya ass en Déier. Allerdéngs keng Kaz a keen Hond. Och keen Hamster a kee Mierschwéngchen. An och kee Papagei. D'Maya ass en...Oktopus. Dass de Leo sech ausgerechent mat him ufrënnt, huet e Grond. De Leo ass Asperger-Autist an huet Schwieregkeeten d'Stëmmung vu Mënschen aus hirem Gesiichtsausdrock erauszeliesen. Beim Maya ass dat kee Problem. Hat wiesselt seng Faarf je nodeems wéi hat gelaunt ass. A wann hat de Leo gesäit, ass hat ëmmer gutt gelaunt! 
"De Leo an den Oktopus" ass dat zweet Kannerbuch vun der Isabelle Marinov, an ass grad esou wéi hiert éischt Buch "The Boy whose Head was filled with Stars" fir d'éischt op Englesch erauskomm. Firwat dat esou ass, dat verréit si am Interview, ausserdeem gi mir gewuer firwat dee weltbekannte Autismus-Expert de Professer Tony Attwood sech e puer Exemplaire vun hirem Buch gefrot huet, wéi d'Zesummenaarbecht mat dem australeschen Illustrateur Chris Nixon fonktionnéiert huet, a wéi eng Tele-Serien  d'Thema Asperger am beschten eriwwerbréngen...an dass de Leo selwer villäicht och geschwënn um Ecran ze gesinn ass.

RTL