Dës Woch geet et an eiser Tëleessendung "Studio 2“ ëm d’Situatioun an de Lëtzebuerger Prisongen. D’Ombudsman Claudine Konsbruck ass zoustänneg fir déi extern Kontroll vun deene Prisongen a mat hir kucke mer, wéi et hannert deene Maueren ausgesäit a wou d’Problemer leien.
Mir schwätzen iwwer d’Iwwerbeleeung, Konfliktpotential an déi iwwer 40 Mannerjäreger, déi dëst Joer schonn an den Erwuesseneprisong komm sinn, wou se net hi gehéieren, an iwwer e Jugendprisong, dee méi wéi op sech waarde léisst.
D’Claudine Konsbruck ass um 8 Auer live eis Invitée vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.