Minister Roth war live am RTL-InterviewNach keng méi streng Export-Reegele fir den Tubak

RTL Lëtzebuerg
Bei de Reegelen, wéi vill Tubak een aus engem EU-Land mat eriwwer däerf huelen an en anert, bleift bis op Weideres mol alles beim Alen.
© Annick Goerens

D'EU-Finanzminister si sech e Méindeg op engem Conseil zu Bréissel nämlech net iwwert méi sec Reegelen eens ginn. Déi iresch EU-Presidence hat proposéiert, dass beim Export an Zukunft just nach 200 Zigaretten - also eng Staang - fir den Eegegebrauch erlaabt sinn. Aktuell sinn et véier Staangen.

Och d'Besteierung op E-Zigarette sollt gehéicht ginn. Nach gëtt et awer keen Accord, an et gëtt an de nächste Woche weider driwwer beroden. Aus dem Lëtzebuerger Finanzministère heescht et an engem Schreiwes, dass een als Grand-Duché bereet gewiescht wier, de proposéierte Kompromëss mat ze droen.

Géint 7.40 Auer en Dënschdeg de Moien hu mer mam Finanzminister doriwwer geschwat. De Gilles Roth war live bei eis am Studio.

De Gilles Roth am Live-Interview beim Annick Goerens

Back to Top
CIM LOGO