Dëst Billerbuch fir Kanner vu 4 Joer un ass vum Mäerchen "De Wollef an déi siwe Geessen" inspiréiert

Tock, tock, tock, ’t klappt un der Dier.
Wie kënnt bei d’Geessen op Besuch?
’t ass ee Bekannten, stellt iech vir!
Dee kritt es einfach ni genuch.
„Hat hie kee Léiergeld do ginn?”,
wäert dir iech sécher froen.
Da liest dëst Buch, fir ze gesinn,
ob dat wäert riicht ausgoen.

Vu 4 Joer un
erauskomm bei den éditions Schortgen
ISBN 978-2-919792-75-7
32 Säiten
22€

RTL

Iwwer den Auteur Marc Weydert / © éditions Schortgen

RTL

Iwwer d'Illustratrice Laure Demontis / © éditions Schortgen

Den Auteur Marc Weydert schreift iwwer säi Buch:
„Alarm am Geessenhaus“ ass entstanen aus der Iddi fir, änlech wéi bei mengen zwee éischte Bicher, aus enger existéierender Geschicht, „De Wollef an déi siwe Geessen“, eppes aneres ze maachen. Eng Suite vun enger bekannter Geschicht also, an nees a Versform. Anescht wéi bei den „Zerknujelte Geschichten“ hunn ech dës Kéier awer méi ee jonke Public wëllen uschwätzen: Duerch mäi Beruff kommen ech vill a Schoulen an a Spillschoule ronderëm an ech mierken all Dag, wéi wichteg et ass, Kanner vu Klengem uns Geschichten ze verzielen, an dat virun allem op Lëtzebuergesch. Anescht wéi bei Iwwersetzungen op Lëtzebuergesch vu bestoende Bicher gëtt hei och den Akzent op heiansdo méi al, an de Vergiess gerode Begrëffer, geluecht. D’Versform hëlleft doriwwer eraus, beim Liesen e gewësse Rhythmus anzehalen an och verschidde Wierder duerch de Reim z’antizipéieren, wat eng flott Aktivitéit beim Virliese ka sinn.
„Alarm am Geessenhaus“ gräift och eng Thematik op, déi am Cycle 1 vun eise Schoulen dacks behandelt gëtt: d’Geméis gëtt agefouert an eng Zopp domat gekacht. D’Buch eegent sech an deem Kontext gutt als Aféierung, wann een déi original Geschicht natierlech virdrunner verzielt.
En plus goufe beim „Alarm am Geessenhaus“ eigentlech zwou Kreatiounen an enger realiséiert: et ass e Buch fir ze liesen a virzeliesen, mä et ass awer och e Lauschterbuch, duerch dat d’Kanner eleng bliedere kënnen an d’Geschicht verzielt kréien, andeems si e QR-Code scannen. Fir déi, déi nach net liese kënnen, ass um Schluss vun all Duebelsäit am Audiofichier ee Raschelen ze héieren, sou wéi wann een an engem Buch weiderbliedert.
An dann ass de Message, d‘Moral vum Buch, och nach wichteg: Och e Wollef ka sech änneren. Mir Mënsche jugéieren anerer ganz séier opgrond vun eenzelnen Andréck oder Meenungen. Heiansdo muss een deenen Aneren och eng 2. Chance ginn, fir datt se weise kënnen, datt si sech zum Gudde verännert hunn. Sou wéi an dësem Buch – Spoiler! – eise Wollef. Am englesche Sproochgebrauch seet een „Don’t judge a book by its cover“.
„Alarm am Geessenhaus“ soll also net nëmmen eng flott Geschicht sinn, mä och e pädagogescht Zil verfollegen an d’Kanner vu Klengem u motivéieren, selwer e Buch an de Grapp ze huelen an d’Geschicht ze verfollegen.