 
                    © éditions Guy Binsfeld
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Martine Schoellen
Am Programm vun den éditions guy binsfeld fënnt sech elo en neien Titel vun de Grüffelo-Erfinder
Julia Donaldson an Axel Scheffler:Tabby McTat, oder wéi d’Martine Schoellen en op Lëtzebuergesch
genannt huet:De Päddi McPättchen.
De Päddi McPättchen ass zesumme mat sengem Meeschter als Stroossmusikueder ënnerwee. Enges Daags
dréint de Päddi e klengen Tierchen a begéint enger léiwer Miisschen. Ma wéi hien sech vun hir verabschit
an nees zeréckgeet, ass säi Mënsch spuerlos verschwonnen.
No laanger Sich verléisst de Päddi d’Hoffnung an e léisst sech op en neit Liewen an, mat Kaz a klenge
Miissercher. Mee d’Verlaangeren nom Fred huet ni nogelooss an e muss nees fort, op véier Patten
duerch d’Stroosse vun der Londoner City, sech op d’Sich maachen no sengem allerbeschte Frënd …
Ob se hiert allerléifste Lidd jee nees zesumme sange wäerten?
Déi faarweräich Illustratioune vun dëser Geschicht iwwer Frëndschaft, Léift an Doheem
si wéi gewinnt vum Axel Scheffler gezeechent ginn an den Originaltext, deen d’Martine Schoellen
an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet, staamt vum Julia Donaldson.
Loosst Iech beréiere vun dëser miauzeger Lektür!
JULIA DONALDSON
D’Julia Donaldson ass 1948 zu London gebuer an huet op der University of Bristol Literaturwëssenschaft a
Franséisch studéiert. Spéider huet si als Lektorin, Journalistin a Léierin geschaft, an ass elo Schrëftstellerin.
AXEL SCHEFFLER
Den Axel Scheffler gouf 1957 zu Hamburg gebuer, wou hie Konschtgeschicht studéiert huet, éier hien an
der Bath Academy of Art am englesche Corsham Grafik geléiert huet. Den Axel Scheffler ass souwuel
Illustrator wéi och Auteur vu Kannerbicher.
MARTINE SCHOELLEN
D’Martine Schoellen ass 1965 zu Lëtzebuerg gebuer. No engem Germanistikstudium op der Universität des
Saarlandes huet si hir Vocatioun als Däitschproff fonnt. Hir Iwwersetzung vum Hans Christian Andersen
sengem Tölpel-Hans, gouf vum Nationaltheater Mannheim – Schnawwl opgefouert.
 
                    Martine Schoellen / © éditions Guy Binsfeld
JULIA DONALDSON / AXEL SCHEFFLER
DE PÄDDI MCPÄTTCHEN
Vum Martine Schoellen an
d’Lëtzebuergescht iwwerdroen
32 Säiten
279 × 225 mm
Hardcover
ISBN 978-2-919822-29-4
17 €

 
                     
                     
                     
                    