
De Gerd Klestadt mat senger Duechter Carmella an der Autorin Kathrin Mess op de Walfer Bicherdeeg 2024 / © Bea Kneip/RTL
Mat 92 Joer ass de Gerd Klestadt ee vun de leschten Zäitzeien.
De 4. Februar 1945 markéiert eng Zäsur fir de Gerd Klestadt. Zënter Méint ass deen 12 Joer ale Jong zesumme mat sengem Papp am Konzentratiounslager Bergen-Belsen internéiert. De Papp huet probéiert, hien esou gutt et geet ze beschützen, an engem Ëmfeld an deem et nëmme Keelt, Honger a Brutalitéit gëtt. Nuets schlofe si zesummen ënnert enger Decken, fir net z'erfréieren. Mä op dësem kale Februar-Moien geléngt et dem Gerd net, säi Papp z'erwächen. Vun do un ass hien op sech eleng gestallt, probéiert iergendwéi z'iwwerliewen. D'Konzentratiounslager Auschwitz ass schonn de 27. Januar befreit ginn, d'Prisonéier vum Lager Bergen-Belsen, ënnert hinnen de Gerd, seng Mamm a säi Brudder Peter, wëssen dovun nach näischt. Eréischt zwee Méint méi spéit, am Abrëll 1945, wäerten och si fräikommen.
Op de Fotoen aus dem Gerd Klestadt senger fréier Kandheet gesäit een eng glécklech Famill. Säi Papp Berthold war Jugendriichter zu Düsseldorf, seng Mamm Ruth beschreift hien als eng aussergewéinlech Fra, déi sech zäitliewens sozial engagéiert huet. Mä mat der Muechtergräifung 1933 leet sech e Schiet iwwer d'Liewe vun der jiddescher Communautéit. Och d'Famill Klestadt gëtt gezwongen, Däitschland ze verloossen.
Fir d'éischt loosse si sech an Holland néier, an eng Zäitlaang gesäit et esou aus, wéi wa si do kéinten a Fridde liewen. Mä den 10. Mee 1940 iwwerfalen déi däitsch Truppe Frankräich an déi haiteg Benelux-Länner. D'Famill Klestadt muss sech verstoppen, mä wéi d'Bouwe sech bei schéinem Wieder eng Kéier an den Haff eroftrauen, gi se gesinn a verroden. Och seng Groussmamm Paula Klestadt gëtt verhaft. Am Duerchgangslager Westerbork gesi si sech eng leschte Kéier, den Dag drop muss si an en Zuch klammen, dee si an d'Vernichtungslager Sobibor bréngt. De Gerd wäert ni gewuer ginn, wat genee mat hir geschitt ass.
D'Ruth, de Berthold an hir Kanner ginn am Januar 1944 an d'Konzentratiounslager Bergen-Belsen bruecht. Do gëtt d'Famill getrennt, de Gerd kënnt zesumme mat sengem Papp an d'Männerlager, seng Mamm a säi klenge Brudder an d'Fraelager. Honger, Keelt a Krankheeten dominéieren hiren Alldag, Frëndlechkeet a Solidaritéit gëtt et net:
"Im Lager war jeder auf sich gestellt und es gab da eine Art Überlebenskampf, den nur die Stärksten für sich entschieden"
Wéi déi dräi iwwerliewend Familljememberen am Juni 1945 nees virun hirem Doheem an der hollännescher Uertschaft Baarn stinn, ass hire Leidenswee nach net eriwwer. Aner Leit wunnen am Haus, hir Miwwele goufe geklaut a si mussen an der éischter Zäit bei enger Nopesch ënnerkommen. De Wee zeréck an d'Liewen ass laang fir d'Famill Klestadt a féiert dee jonke Gerd iwwer Israel, Honduras a Südafrika schlussendlech op Lëtzebuerg, wou hie sech 1972 zesumme mat senger Fra Charlene néierléisst. Hei kommen och hir Duechteren Deborah a Carmella op d'Welt. Si ginn eng glécklech Famill.
Mä de Gerd Klestadt kann déi schrecklech Zäit net vergiessen. Et geléngt him zwar d'Erënnerungen iwwer e laangen Zäitraum ze verdrängen, mä mam Doud vu senger Mamm am Joer 1990 briechen al d'Wonnen nees op. Schlussendlech geet hien an eng Therapie, déi him hëlleft, den Trauma ze verschaffen. Net nëmmen dat, endlech kann hien och iwwer dat schwätzen, wat hien all déi Jore beschäftegt huet. Hien erzielt senger Famill vu sengem Trauma an dann decidéiert hien, dass d'Jugend wësse muss, wat deemools passéiert ass.
"Nach eigenen Angaben hat Gerd Klestadt mittlerweile über 20.000 Schülerinnen mit seiner Geschichte erreicht. Er hat seinen Wirkungskreis auf Schulen und Bildungseinrichtungen in Frankreich, Belgien, Portugal und den Niederlanden erweitert. Regelmässig begleitet er Schülergruppen in die Gedenkstätte Bergen-Belsen."
An hien huet seng Geschicht der Kathrin Mess erzielt, déi se opgeschriwwen an an engem Buch verëffentlecht huet. D'Autorin, déi sech aktiv géint Antisemitismus engagéiert, huet sech och mat der Geschicht vu Lëtzebuerger Fraen am zweete Weltkrich beschäftegt, hiert Buch "Hier kommst du nie mehr raus...Luxemburger Frauen im zweiten Weltkrieg zwischen Widerstand, Verfolgung und Inhaftierung" koum 2022 eraus.
Ech hat d'Chance dem Gerd Klestadt op de Walfer Bicherdeeg 2024 ze begéinen. Hie setzt sech zënter Joerzéngten an, fir jonke Leit ze erklären, wéi et dozou komme konnt, mä nodeems an der Lescht de Rietsextremismus ëmmer méi un Terrain gewënnt, ass hie wéineg optimistesch fir d'Zukunft:
"Ech schwätze mat de jonke Leit, well meng Geschicht, sou wéi se am Buch ass, am Fong eng Warnung ass. Alles wat an deem Buch ass, ass am Fong wéi ech mech dorun erënneren, an d'Kathrin Mess huet dat zesummegestallt an huet dat Buch erausbruecht. Dat Buch iwwer meng Geschicht gëtt d'Warnung, dass alles wat mer scho gesinn hunn, erëm do ass, dass mir am Fong näischt geléiert hunn aus der Vergaangenheet."
Wat de Gerd Klestadt deemools erlieft huet, ass eigentlech onvirstellbar. Ëmsou méi muss een de Courage bewonneren, mat dem hie sech onermiddlech géint de Vergiess agesat huet, an de Klassesäll an elo mat dësem Buch. Mir sinn et him an all deenen aneren Affer schëlleg, dass mir seng Warnung eescht huelen.
"Noch heute quält mich die Erinnerung - Gerd Klestadt als Junge im Konzentrationslager Bergen-Belsen"
Kathrin Mess
ISBN 978-2-919784-00-4
304 Säiten
49€
D'Buch kritt een an de Bicherbutteker, oder et kann een e signéiert Exemplaire bestellen iwwer IGSL@email.de