
Wéi en Afloss hat en Hollywood-Film op d'Recherche iwwer d'Shoah zu Lëtzebuerg? Wie war d'Pianistin Dina Grossvogel a wat huet si mat eisem Land verbonnen? A wourop mussen Historiker bei hire Recherchen oppassen? Dat si just e puer vun de Froen, déi den Historiker Denis Scuto an den Auteur a fréieren Deputéierte Ben Fayot am Interview beäntweren.
"Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" ass e Buch, dat sech an de Kontext vum Luxembourg Mémorial de la Shoah aschreift, an un dem net manner wéi 20 Auteur(inne) matgeschafft hunn. Op iwwer 300 Säite suivéiert dëst Wierk jiddesch Familljen an hiert Schicksal an de Krichsjoren.
Hannert all Numm verstoppt sech eng Geschicht, déi am Wuert an am Bild erzielt gëtt. Texter, Familljefotoen an Zäitdokumenter beleeën d'Liewe vu Mënschen, déi ëmbruecht goufen, an déi awer bis haut Spueren hannerlooss hunn. D'Buch baséiert op enger minutiéiser Recherche, déi ëmmer nach amgaangen ass, an déi dacks och onkamoud Wouerechten un d'Liicht bréngt. E wichtegt Wierk an en Thema, dat och haut näischt vu senger Aktualitéit verluer huet.
Den Denis Scuto an de Ben Fayot am Interview iwwer d'Buch "Parcours de vie: Les Juifs du Luxembourg et la Shoah" an dee grousse Recherche-Projet dohanner

Weider Detailer zum Buch:
https://www.rtl.lu/kultur/bicher/parcours-de-vie-les-juifs-du-luxembourg-et-la-shoah-1574907543
