
© Imprimerie Centrale
Léiere soll Spaass maachen!
Pressetext vun den Auteuren:
De 15. Juli 2025 ass d’Buch Maths: Plaisir & Réussite, geschriwwe vum Christophe a Gaston Ternes, erauskomm.
D’Zil vun den 2 Joer Aarbecht ass et, Mathematik net just ze verstoen, mee mat Freed ze entdecken! Zevill Schüler gesinn d’Mathé als eng Barrière. Dëst neit Léierbuch soll Hëllef, Inspiratioun a Spaass gläichzäiteg sinn – fir Schüler, Elteren a Léierpersonal.
Et riicht sech un d'Schüler vu Septième am lëtzebuerger Schoulsystem wéi och u Schüler an de franséischsproochege Sektioune vun den Europaschoulen (Joergang S1), mee och u Schüler a Belgien a Frankräich (1. Joer Secondaire). Gläichzäiteg ass et eng Ressource fir déi méi héich Klassen, fir Basiskenntnisser opzefrëschen.
Wat Maths: Plaisir & Réussite speziell mécht:
1. Iwwer 500 geléist Exercicen aus de Beräicher Théorie des ensembles, Arithmetik, Algeber a Geometrie
2. Online-Resuméë fir autonomt Léieren
3. Phänomener aus dem Alldag an aus der Natur
4. Inspiratioun fir Léierpersonal
5. Konkret Hëllef fir Elteren fir d’Begleeden doheem
6. Innovativ an digital Léiermethoden
D’offiziell Presentatioun vum Buch ass en Donneschdeg, de 25. September 2025 um 18:00 am Lycée Aline Mayrisch zu Lëtzebuerg.
Jidder Interesséierten ass häerzlech wëllkomm!
"Maths: Plaisir & Réussite"
Christope a Gaston Ternes
Erauskomm bei Imprimerie Centrale (editions@ic.lu)
408 Säiten
48€