Gewalt an Drogenhandel um Schoulhaff - a sengem Roman "Quick and Dirty" gräift de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth Tabuthemen op.

D'Schoul ass eng Plaz, op där jonk Mënschen léieren, sech weiderbilden, Frëndschafte schléissen a sech entwéckele kënnen. Leider ginn et awer och däischter Säiten, Gewalt, Drogenhandel a Kriminalitéit ginn all ze dacks mat op de Schoulhaff geschleeft. An den absolutten Albdram vun alle Schüler, Enseignanten an Elteren: en Amoklaf an der Schoul. D'Biller vu Minneapolis sinn eis alleguer nach frësch an Erënnerung, mä esou genannte "School Shootings" ginn et net just an den USA.

A sengem Roman "Quick and Dirty" beschäftegt sech de de fréieren Enseignant a Lycéesdirekter Roger Roth mat dësen Tabuthemen. D'Handlung fänkt op engem ganz gewéinleche Méindegmoien un. Deen Dag steet ënner anerem e Conseil de Discipline um Programm, dräi Schüler riskéiere wéinst onentschëllegten Absencë  vun der Schoul ze fléien. Mä kéint do nach méi dohannert stiechen? Sinn déi dräi gemobbt oder souguer intimidéiert ginn? Am Laf vun den nächsten 10 Deeg wäert sech doraus eng Geschicht entwéckelen an der net nëmmen de Bandechef Arnaud sech eppes virzegeheien huet.

Méi doriwwer am Interview mam Auteur Roger Roth.

Interview mam Auteur Roger Roth
RTL

"Quick and Dirty" vum Roger Roth ass am Selbstverlag erauskomm 
ISBN  ISBN 978 9995909932