Buch vun der Woch"Der Lärm der Zeit" vum Julian Barnes

RTL Lëtzebuerg
D'Buch " Der Lärm der Zeit" ass an der däitscher Versioun bei Kiepenheuer&Witsch erauskomm. D'Original heescht "The noise of time".

Den englesche Schrëftsteller Julian Barnes befaasst sech a senge Wierker gär mat Biographien vu méi oder manner bekannte Persounen, woubäi et um Enn awer ëmmer e perséinleche Roman gëtt. Dat war de Fall am Buch “Flauberts Papagei” fir dat en en etlech Auszeechnungen krut. An dat ass a sengem aktuelle Buch “Der Lärm der Zeit” de Fall, well do geet et ëm den sowjetesche Komponist Dimitri Schostakowitsch.

Ech hu mer, wéi ech d’Buch gelies hu seng Musek opgeluecht fir genee an dat eranzekommen, vun deem Julian Barnes a sengem Buch schreift. Vum Liewen a vum Denke vun deem Mann, deen zu de bekanntste Museker aus senger Zäit an a sengem Land zielt. Dobäi ass d’Musek esou gesinn eng Dimensioun méi gewiescht, well déi kënnt am Roman “Der Lärm der Zeit” net wierklech zum Zuch. Dofir versteet een awer méi a wéi enger Zäit an ënner wéi engen Ëmstänn se entstanen ass.
De Komponist a Mënsch steet am Mëttelpunkt. Um Ufank ass et de Mann, deen owes mat fäerdeg gepaakter Wallis beim Lift steet a waart, datt se e siche kommen. Beim Lift, well e senger Famill dës traumatesch Situatioun net wëll undoen. “Se” sinn dem Stalin seng Leit, déi an hirem Sowjeträich diktéieren, wéi d’Mënschen ze liewen hunn, wéi d’Kënschtler ze schaffen hunn, wéi d’Museker ze komponéieren hunn. Eng Rei vun deene Komponiste sinn net an hirer Heemecht bliwwen, wéi de berühmten Igor Strawinski, dat grousst Virbild vum Schostakowitsch.
Den Dimitri Dimitrjewitsch, wéi de Barnes en ëmmer nennt, huet mat 19 Joer d’Musekwelt mat senge Kompositioune begeeschtert international an national. Alles geet eenegermoosse gutt, bis de Josef Stalin enges Daags, nodeem d’Oper “Lady Macbeth von Mzensk” schonn zwee Joer mat groussem Succès zu Moskau leeft, an der Loge sëtzt an an der Paus geet, well se him net gefall huet an net an de Konzept vu sengem Muechtapparat passt. Vun do u steet de Schostakowitsch all Nuecht beim Lift a waart a lauschtert, ob kee kënnt.
Mä et kënnt keen an iergendwann, leet e sech och owes nees an d’Bett a probéiert weider ze komponéieren. Mam Drock vum Regime an der Muecht am Genéck. E gëtt observéiert a muss sech dacks mat deene komeschste Situatiounen auserneesetzen.
Iergendwann kritt en un d’Häerz geluecht sech fir säin Heemechtsland anzesetzen. De Stalin selwer rifft en un a schéckt en an d’USA op e Kongress fir de Weltfridden. Bei enger Pressekonferenz muss den Schostakowitsch all kritesch Téin u senger Situatioun niéieren. Dobäi stellt en den Igor Strawinski, deen hei am Exil lieft, quasi blouss.
Eng Situatioun, mat där en ni méi selwer eens gëtt.
Spéider nom Doud vum Stalin, kritt en eng Invitatioun de President vum Komponisteverband ze ginn. Entretemps ass den Nikita Chruschtschow den éischte Mann an der Sowjetunioun. “D’Muecht ass vegetaresch ginn.”, schreift déi russesch Schrëftstellerin Anna Achmatowa. Den Drock ass wuel manner, awer nach do an de Komponist léisst sech um Enn souguer an d’Partei drécken, aus Angscht soss guer net méi schaffen ze kënnen.

“Der Lärm der Zeit” erzielt an 3 Kapitelen d’Liewen an d’Leide vun engem talentéierte Museker, vu senger Zerapptheet tëscht dem fräie Schaffen an dem normale Liewen. E Mënsch wuel zum Genie gebuer, awer net zum Held. Kann een him dat reprochéieren? Dem Komponist bleift um Enn d’Ironie säin eegent Liewen ze kucken.
Den Julian Barnes beschreift op intensiv Manéier d’Gedanken an d’Gefiller vu sengem Haapt-Protagonist a berifft sech natierlech op reell Faiten aus senger Biographie.
Net ëmmer ass et einfach als Lieser, well vill Nimm kennt een net direkt an et gëtt een enk un de Komponist gedréckt. Et sëtzt ee wuel am Dimitri sengem Kapp, kuckt aus senger Vue op säi Liewen a säi Schaffen, seng Freeden a seng Ängschten an dach gëtt alles aus der “Er"-Perspektiv erzielt. Ganz no an awer op Distanz.

Sécher huet de Barnes sech eppes dobäi geduecht a vläicht ass et grad dat, wat engem als Lieser um Enn Loscht mécht sech méi iwwer de Komponist z’informéieren a vrun allem seng Musek ze lauschteren. Dat ass e Meeschterwierk, dem Barnes säi Buch “Der Lärm der Zäit” awer och.

Den englesche Schrëftsteller Julian Barnes befaasst sech a senge Wierker gär mat Biographien vu méi oder manner bekannte Persounen, woubäi et um Enn awer ëmmer e perséinleche Roman gëtt. Dat war de Fall am Buch “Flauberts Papagei” fir dat en en etlech Auszeechnungen krut. An dat ass a sengem aktuelle Buch “Der Lärm der Zeit” de Fall, well do geet et ëm den sowjetesche Komponist Dimitri Schostakowitsch. D’Christiane Kremer huet d’Buch, vun deem Kirtiker behaapten, et wier dem Barnes säi Bescht, gelies.

Back to Top
CIM LOGO