Podcast BicherLiesAm Kräizverhéier: De Joseph Kayser iwwer säin Erzielband "toujours jamais"

Bea Kneip
Jérôme Jaminet
Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen.
© Foto Jos Kayser: Jérôme Jaminet

Mat “Prinzessin Charlotte” huet de Jos Kayser 2017 säi literareschen Début ginn. Zënterhir huet hien Novelle, Kuerzgeschichten a Romaner op Lëtzebuergesch an Däitsch verëffentlecht. Mat “toujours jamais” proposéiert hien 4 Novellen op Franséisch déi sech duerch eng grouss thematesch a formell Diversitéit auszeechnen. Vu Léift an Doud, vun Hoffnung an Enttäuschung, vum Alldag a vun Ausnamesituatiounen erzielt hien am Buch an och am Interview dat de Jérôme Jaminet an d’Bea Kneip mat him gefouert hunn.

Alles wat mënschlech ass: eng ganz Bandbreet vu Gefiller a véier Novellen.

“toujours jamais” vum Joseph Kayser ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm

© RTL/Grafik

Back to Top
CIM LOGO