Police mellt FestnamenZwou Prostituéiert vu fréierem Zouhälter iwwerfall, Kläpperei an engem Zuch zu Kautebaach

RTL Lëtzebuerg
An hirem Bulletin mellt d'Police eng Rei Festnamen no ënnerschiddleche Virfäll, dorënner ee vum 2. Februar.
© Laurent Weber

Virun zwou Woche war et zu engem Iwwerfall an enger Wunneng am Garer Quartier komm, dobäi sinn zwou Prostituéiert vun zwee Täter mat enger Waff menacéiert ginn an hu Boergeld, Handyen an de Wunnengsschlëssel mussen ofginn. Éischten Ënnersichungen no war ee vun den Täter de fréieren Zouhälter vun den zwou Fraen.

Béid presuméiert Verdächteg konnten no enger Enquête vum Departement “Répression Grand Banditisme” vun der Police de 4. respektiv den 12. Februar gestallt a festgeholl ginn. Si koumen den 13. Februar op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter. Ermëttelt gëtt géint béid Männer wéinst Mënschenhandel, Zouhälterei a Vol.

E Sonndeg am Nomëtteg koum et dann zu enger Kläpperei tëschent zwou Persounen an engem Zuch, deen op der Gare zu Kautebaach stoung. Bei dëser Kläpperei ass eng Glasdier vum Zuch futtigaangen. Ee vun de Männer konnt vun enger Policepatrull ugetraff ginn. Hien huet sech géigeniwwer dëser allerdéngs onkooperativ verhalen a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl, nodeems sech och erausgestallt huet, datt e scho bei Autoritéiten am Ausland keen Onbekannte war. E Méindeg de Moie koum e virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO