Zanter Dezember 2025 verschwonnenLäich vu vermësstem Mann zu Mont-Saint-Martin fonnt

RTL Lëtzebuerg
Zu Mont-Saint-Martin goufen net wäit vun engem Supermarché ewech déi stierflech Iwwerreschter vun engem Mann fonnt, deen zanter Dezember zejoert vermësst gouf.
© AFP

Zu Mont-Saint-Martin a Frankräich, kuerz hannert der Grenz mat Rodange, ass e Méindeg am Nomëtteg op Héicht vun engem grousse Supermarché d’Läich vun engem Mann fonnt ginn. Dat kruten d’Kolleege vum L’Essentiel vum zoustännege Procureur confirméiert, nodeems scho Fotoen op soziale Medien d’Ronn gemaach haten.

Deemno wier et e 70 Joer ale Mann mat portugisescher Nationalitéit, deen an engem soziale Foyer zu Mont-Saint-Martin gewunnt huet an zanter Dezember d’lescht Joer vermësst gouf.

Eng Enquête soll d’Ëmstänn vum Doud elo klären.

Back to Top
CIM LOGO