Buch vun der WochDominic Smith: Das letzte Bild der Sara de Vos

RTL Lëtzebuerg
"Das letzte Bild der Sara de Vos" koum op däitsch beim Ullstein Verlag eraus.

Dräi verschidden Epochen, dräi verschidde Plazen, dräi verschidde Mënschen a verbonnen ass alles duerch een eenzegen Tableau, dat ass de Setting vum australeschen Auteur Dominic Smith sengem Buch “The last painting of Sara de Vos”, dat an der däitscher Iwwersetzung bei Ullstein erauskomm ass. An dat ass, an all Sënn vum Wuert, e schéint Buch.

Dat gesäit a spiert ee schonn, wann een et an de Grapp hëlt. De Cover-Aband weist ënnen e blénkeg-glaten Extrait vun engem Bild, dat mat engem matt-rauem Sak-Duch zougedeckt ass. An iergendwéi symboliséiert dat och schonn d’Geschicht, déi eben op dräi Niveaue spillt. An déi ee lues a lues entdeckt.

Do ass d’Molerin Sara de Vos, déi 1631 hiert lescht Bild moolt an déi als éischt Fra Member vun der Gild vun de Moler zu Amsterdam gëtt. Am Tableau verschafft se hir Trauer iwwer de Verloscht vun hirem klenge Meedchen, dat un der Pescht stierft, a vun hirem Mann, och e Moler, dee mat dëser Situatioun net méi eens gëtt a verschwënnt.

Iwwer 300 Joer méi spéit gëtt den Tableau 1957 aus der Schlofkummer vum New Yorker Affekot Marty De Groot geklaut oder besser gesot duerch eng exakt Fälschung ersat. Dem De Groot, deen d’Bild geierft huet, fält d’Kopie op an hie setzt alles drun fir deen ze fannen, deen et gefälscht huet.

Um Enn lant hie bei der australescher Konscht-Studentin Ellie Shipley, déi sech en Täschegeld mat Restauratioune verdéngt oder eben och Kopie mécht. Aus der Motivatioun d’Fra ze iwwerféiere gëtt lues a lues Sympathie an esouguer bal nach méi.

Am Joer 2000 waart d’Ellie, déi Konschtprofessorin zu Sydney ass, mat Opreegung an engem ongudde Gefill op d’Liwwerunge vun zwee Wierker vun der Sara de Vos. Um Enn kommen d’Original an d’Kopie un. An de Marty de Groot, dee säi Bild selwer bréngt. Mä wéi eent ass säint?

De Roman vum Dominic Smith erzielt mat rouegem Rhythmus a klore Beschreiwunge souwuel d’Aktioun vun de Geschichten, déi sech entwéckelen, wéi och d’Emotiounen an d’Stëmmungen, déi déi dräi Haaptpersounen hin an hier dreiwen. Et ass awer och eng intensiv Rees an d’Welt vun der Molerei an der Konscht, besonnesch déi aus dem 17te Joerhonnert an Holland. De leschten Tableau vum Sara de Vos ass engem um Enn sou no, wéi wann een e vru sech un der Mauer hänken hätt. Mä ob ee sech deen iwwerhaapt leeschte kann?

An da bleift jo ëmmer nach d’Fro:

Ass en echt oder net?

D’Äntwert soll Dir scho selwer sichen an d’Buch liesen. Dir bereit et net!

Buch “Das letzte Bild der Sara de Vos”

Back to Top
CIM LOGO