Buchtipp aus der Freidesronn"Lost in Translation"

RTL Lëtzebuerg
Oniwwersetzbar Wierder aus der ganzer Welt. Vum Ella Frances Sanders. Beim Verlag Dumont.

D’Buch heescht wéi de Kultfilm vum Sofia Coppola aus dem Joer 2003, an deem sech de Bill Murray an d’Scarlett Johannson zu Tokio rëmschloen - “mehr schlecht als recht” géif een op Däitsch soen.

An och wann de Film GUER NÄISCHT mam Buch ze dinn huet, op d’mannst eng Parallel gëtt et awer - an zwar “Problemer” mat der Sprooch, mat frieme Wierder an hire Bedeitungen.

Déi beliicht d’Ella Frances Sanders an hirem Buch awer absolut positiv ... lëscht si dach eng 50 Wierder aus der ganzer Welt op, déi bal net ze iwwersetze sinn. Dat awer net, well d’Wierder vläicht komplizéiert sinn (vill sinn der et wierklech), ma ganz einfach, well si eppes bezeechnen, wat een an anere Länner, Regiounen, Äerddeeler net esou fënnt - dat kënnen extra Aktivitéite sinn, bestëmmte Situatiounen, Gefiller, Impressiounen ...

... esou gëtt et zum Beispill a Japan (fir beim Film ze bleiwen) e Wuert, dat déi Luucht bezeechent, déi duerch d’Blieder vun engem Bam erofschéngt - “Kommorebi”. Wann ee weess, wéi gären d’Japaner ënner Beem, virun allem Kiischtebeem sëtzen, dann iwwerrascht et kaum, datt si en extrat Wuert hunn, fir déi Luucht, dat Liicht ze bezeechnen.

Oder a Malaysia gëtt et e Wuert fir d’Zäit, déi ee brauch, fir eng Banann ze iessen - ronn zwou Minutten, genannt “Pisan Zapra”.

An der arabescher Sprooch gëtt et dat schéint Wuert “Samar”, dat beschreift, wann een owes nach laang mat Frënn eng gutt Zäit am Zelt huet.

Och Reesgefiller gi beschriwwen, z.B. mam spuenesche Wuert “Vacilando”, wann d’Erliefnes vun der Rees méi wichteg ass wéi d’Zil, oder den Zoustand (a Japan) vum “Boketto”, wann een op den Horizont kuckt, ouni un eppes ze denken.

Natierlech kënnt och d’Léift net ze kuerz, herrlech ass zum Beispill de Begrëff “Naz” aus der Sprooch Urdu, dat ass Perso-Arabesch a gëtt ë.a. an Indien, Pakistan, Afghanistan geschwat. “Naz” bezeechent d’Gefill vun Houfert a Sécherheet, dat aus dem Wëssen entsteet, datt eng aner Persoun immens frou mat engem ass.

D’Magie vun der Sprooch fënnt een och an de Begrëffer “Luftmensch” (Jiddesch), “Cafuné” (Brasilianesch-portugisesch), “Mangata” (schwedesch fir d’Strooss um Waasser, déi d’Spigele vum Mound do entstoe léisst) a Fika (och schwedesch, wann een eng Paus mécht a Kaffi drénkt, fir kuerz den Alldag auszeblenden).

An och wa leider keen “oniwwersetzbart” lëtzebuergescht Wuert an der Sammlung, se weisen dach, wéi kreativ a virun allem wéi sensibel d’Mënsche sinn - iwwerall op hir Aart a weis ...

À découvrir!

Praktesch Infoen:

Lost in Translation
Unübersetzbare Wörter aus der ganzen Welt
Vum Ella Frances Sanders

Iwwersat vum Marion Herbert
Originalverlag: Ten Speed Press, New York 2014, Originaltitel
112 Säiten, faarweg illustréiert Hardcover, gebonnen
ISBN 978-3-8321-9849-7
Verlag Dumont
18,00 Euro

PRESSETEXT

Das wunderbarste Wörterbuch der WeltWussten Sie, dass die Japaner ein Wort dafür haben, wie das Sonnenlicht durch die Blätter der Bäume schimmert? Oder dass es im Finnischen einen Ausdruck für die Entfernung gibt, die ein Rentier bequem zurücklegen kann, bevor es eine Pause braucht?
Ella Frances Sanders hat auf ihren Stationen in der ganzen Welt ein Sammelsurium an unübersetzbaren Begriffen zusammengestellt. Und daraus ein liebevoll illustriertes Wörterbuch sprachlicher Spezialitäten gestaltet. Über fünfzig Einträge ermöglichen einen tiefen Einblick in die einzigartigen Kulturen verschiedenster Länder: Nur in Brasilien existiert eine Vokabel für das zärtliche Streichen durch das Haar eines geliebten Menschen. Und nur auf Gälisch gibt es ein Wort, das dieses eigenartige Kribbeln auf der Oberlippe beschreibt, bevor man einen Schluck Whisky nimmt.

Back to Top
CIM LOGO