
E Knapp den een op der Strooss fënnt, e verluerene Medaillon oder eng bleche Kichelcherskëscht déi an engem Zuch vergiess gouf, wann all déi Géigestänn schwätze kéinten, dann hätten se wuel villes z’erzielen. Sinn se einfach ewechgehäit ginn, oder gëtt et iergendwou eng Persoun déi verzweiwelt no hinne sicht? Dorëms geet et an eisem Buch vun dëser Woch “Mr Peardew’s Sammlung der verlorenen Dinge”. D’Bea Kneip huet den Débutroman vun der Englännerin Ruth Hogan gelies.
AUDIO: 27/06/2017 Buch vun der Woch: “Mr Peardew’s Sammlung der verAn der Villa Padua, engem Landhaus aus der viktorianescher Ära, schéngt d’Zäit stoebliwwen ze sinn. Hei gëtt et kee Computer, keen DVD-Player a kee Smartphone, just en alen Telefon, e Radio an e Grammophon...
Den Haushär ass de Schrëftsteller Anthony Peardew, en eelere Jonggesell, frëndlech, mat perfekte Manéieren awer ëmmer e wéineg reservéiert. Fir dat grousst Haus an de Rousegaart an der Rei ze halen, huet en de Gäertner Freddy, a séng Haushälterin d’Laura. Fir d’Laura ass d’Haus Padua méi wéi just eng Aarbechtsplaz. Nodeems hat sech vu sengem ontreien a ruckelzege Mann getrennt huet, an alleng an engem klengen ongemittlechen Appartement wunnt, ass Padua säi Refuge ginn, an den Anthony esou eppes wéi e Lieblingsmonni, den allerdéngs ëmmer eng gewëssen Distanz hält. Famill schéngt e keng ze hunn, déi eenzeg Fotoen am Haus weisen eng jonk Fra, vun der d’Laura just den Numm gesot kritt: Therese. An nach eppes gi mer vum Anthony Peardew gewuer: Hie sammelt verluere Géigestänn, déi an alleguer schéi propper beschrëft an dokumentéiert, an der Hoffnung se iergendeng Kéier hiere Besëtzer kënnen zeréckzeginn.
An engem zweeten Erzielstrang gi mer 40 Joer zeréck an der Zäit, mä mat ganz anere Personnagen. D’Eunice huet eng Plaz an engem klenge Verlag fonnt, säi Chef dee vun alle just Bomber genannt gëtt, ass fir hat gläichzäiteg dee beschte Kolleg, och wa keng romantesch Léift am Spill ass. Nerveg ass just dem Bomber seng eenzeg Schwëster, d’Portia, dat grotteschlecht Romaner schreift, an der Hoffnung säi Brudder géif se fir hat erausbréngen.
Wat déi zwee Erzielsträng mateneen ze dinn hunn, gi mer eréischt méi spéit gewuer. Wéi e roude Fuedem zitt sech een Thema duerch d’Buch: verlueren Objeten an hir Geschichten. Den Anthony Peardew (dee Virnumm ass natierlech keen Zoufall) erfënnt Kuerzgeschichten ronderëm déi Géigestänn déi enm iwwert d’Jore fonnt huet...oder huet sech dat ieren tatsächlech esou zougedroen? Mir wëssen et net, mä als Lieser fänkt een un souguer en einfachen Hoerlastik mat aneren Aen ze gesinn. An esou geet et wuel och dem Laura, wéi hat vun engem Dag op den aneren dem Anthony seng Liewensaufgab weiderféiere muss...
“Mr Peardew’s Sammlung der verlorenen Dinge” ass zum Deel eng Libesgeschicht, an zum Deel eng Geeschtergeschicht. D’Welt vum Mr Peardew huet e liicht nostalgeschen Touch, mat personnagen déi alleguer hier Naupen hunn, déi se awer ëmsou méi sympathesch maachen.
Eng schwéier Krankheet war fir d’Ruth Hogan den Ausléiser fir mam Schreiwen unzefänken. Si selwer lieft och an engem viktorianeschen Haus, zesumme mat hierem Mann an hiren 3 Hënn. A grad esou wéi den Anthony Peardew sammelt och si all méiglech Saachen...Kleng Schätz oder einfach nëmme Kreemchen, wéi een et wëll gesinn. “The keeper of lost things” ass hiert éischt Buch, eng Geschicht iwwer Léift a Verloscht, an erëmfannen. Iwwregens genee dat richtegt Buch fir alleguer déi di gären op Floumäert ginn, a sech ëmmer nees froen wat den een oder aneren Objet eis verziele kéint...an heiansdo sinn dat souguer Geeschtergeschichten.
“The keeper of lost things” vun der Ruth Hogan ass op Däitsch ënnert dem Titel “Mr Peardew’s Sammlung der verlorenen Dinge” erauskomm. Ze fannen am List Verlag.