Buch vun der Woch"Schlafen werden wir später" vum Zsusza Bank

RTL Lëtzebuerg
Am Roman „Schlafen werden wir später“ schreiwen sech zwou Frëndinnen, déi sech net dacks kënne gesinn, E-Mailen. Erauskoum e Bréifroman a moderner Form.

„Liebste Johanna,

heute hat Simon beim ersten frühen, viel zu frühen Kaffee gesagt, wäre er zehn Jahre jünger und hätte drei Kinder weniger, hätte er mich schon verlassen.“

Esou fänkt déi éischt E-Mail vum Márta un d’Johanna un. D’Márta ass Schrëftstellerin, wunnt zu Frankfurt, huet dräi Kanner, e Mann, deen hir keng grouss Hëllef ass, weder finanziell nach emotional, a Gestreits steet op der Dagesuerdnung. Der Márta hiert neit Buch sollt scho längst fäerdeg sinn a si wënscht sech näischt méi, wéi eng Kéier kënnen e puer Stonnen um Stéck drun ze schaffen.

Hir Frëndin Johanna ass Léierin am Schwarzwald a schreift dernieft un hirer Doktoraarbecht iwwer d’Annette von Droste-Hülshoff. Si trauert hirer grousser Léift, dem Markus, no a vermësst de Papp, dee jonk gestuerwen ass.

An de Bréiwer erzielen déi zwou Frëndinne vun deem, wat si beschäftegt, vun hire Frënn, der Famill, vun hiren Ängschten an Hoffnungen, an dat iwwer eng Zäitspan vun dräi Joer.

Dee ganz banalen Alldag gëtt thematiséiert, den Op an Of vun Aarbecht a Privatem, Frënn a Famill. Alles widderhëlt sech, och an den E-Mailen. D’Kënschtlerin Márta iwwerdreift gär e bëssen, jéimert vill, ass iwwerschwänglech an hire Gefiller, positiv wéi negativ. Si fillt sech iwwerfuerdert a gëtt dat och zou. D’Johanna ass méi zeréckhalend, eescht, an heiansdo scho bal richteg haart mat sech selwer. Dacks spiert een och eng gewësse Melancholie aus den E-Mailen eraus, souguer wann alles grad riicht leeft. Ëmmer erëm daucht d’Fro op, ob d’Liewen esou weidergeet, ob „dat et scho war“:

School, work, death. Lori denkt ähnlich, wir werden geboren, sagt sie, dann rennen, eilen wir hin und her, und dann sterben wir auch schon, mehr ist es nicht. Was sie mit großer Leichtigkeit sagt und mich früher loslachen ließ, stimmt mich heute bitter – wenn das Leben nun wirklich nicht mehr ist?

Wéi déi zwee Personnagen hire Frust zu Pabeier ginn, hir Trauer, hir Roserei, hir Hoffnungen, hir Zweifelen, wéi se den Alldag beschreiwen, Erliichterung a Freed ausdrécken, ass stilistesch héijen Niveau:

Ja, das wär was, Mártilein, weniger Lebensschiefheit. Krummheiten abtragen. Überstehende Spitzen flachtreten. Gefühlsbuckel. Blutschrauben. Dein Wort. Aber ich bleibe zu Hause, treibe meine Droste voran. Werde durch Handschriften und Bücherberge wandern. Marbacher Stadtluft einatmen. Feinsten Drostestaub. Scheu flirrend über Zettelkästen. (S. 229)

D’Zsusza Bank spillt mat de Wierder, baut se phantasievoll nei zesummen, bastelt Schläifen, déi sech duerch d’Buch beweegen an déi och sproochlech déi zwou Frae matenee verbannen: D’Márta zitéiert dem Johanna seng „Droste“, d’Johanna dem Márta seng lyresch Ausdréck -- hir gemeinsam Léift zur Literatur ass e weidert Band, dat si zesummenhält. Well dëse Roman ass och nach e Buch iwwert d’Frëndschaft.

Ich weiß, ich gehe dir auf die Nerven, ich gehe mir ja selbst auf die Nerven, ja, schrecklich gehe ich mir auf die Nerven mit meinen ewigen Klagen ... Richtung schwarzer Wald, mit meinem Hilferuf, bitte, komm zurück, Johanna, ... bitte. Ich muss mein Leben ja auch ohne Dich leben können, das muss ich doch.

D’Zsusza Bank ass 1965 gebuer, huet d’éischt als Buchhändlerin geschafft, duerno Publizistik, Politik a Literatur studéiert. Fir hiert éischt Prosa-Wierk „Der Schwimmer“ krut se 2002 den aspekte-Literaturpräis. Weider Wierker sinn „Die hellen Tage“ an den Erzielband „Heißester Sommer“.

De Roman „Schlafen werden wir später“ huet 683 Säiten an ass am S. Fischer Verlag erauskomm.

Buch: “Schlafen werden wir später”

Back to Top
CIM LOGO