An der Rei : Net jidderengem seet e sougenannt ‚lyrescht‘ Gedicht eppes; deer eent, wat méi no banne geet… apaart an dëser Zäit, wou d’Däischtert sech méi fréi op Stad a Land leet; déi  der vill net ganz gutt verdroen. Haut gëtt jo dann och méi wéi soss vun ‘Depressioun’ geschwat, déi nach laang net ëmmer ‘reimen’. Mä e schéint lyrescht Gedicht kann engem dat ower vläicht e bësse méi hell maachen. Mir sollen no vir kucken… do, wou et erëm méi hell gëtt… a merci soen, datt et esou laang schéin an hell war.

Mir hunn eng gutt Partie deer Gedichter, déi äis d’Joereszäit méi no a méi verstänneg bréngen. De Marcel Reuland, den Tit Schroeder, de Paul Noesen an eng Rei anerer hu gewisen, datt een dat sou ‚geschméicheg‘ op Lëtzebuergesch ka maache wéi z.B. de Mörike oder den Uhland am Däitschen. Talent kennt nun emol keng Sproochgrenzen. Hei dann – net fir d’éischt an net fir lescht – dem Reuland senger wonnerléiwer Stëmmungsgedichter eent . Hie selwer hat en zimlech schwéiert Gemitt, an dat liese mir och do eraus; d’Uucht kënne mir äis jo roueg als d’TV vun haut denken. Kuckt och emol, wéi déi 4. an déi 5. Zeil weisen, wat e richtegen Dichter mat Gefill fir Rhythmus ass… :

NOVEMBER

Lo hu mer schon rëm op de Griewer gestan,

an den Hierescht geet däischter duerch d’Land;

den Himmel ass gro, a gro ass d’Gewan,

an um Wee danzen d’Blieder am Wand.

 

Um Wee danzen d’Blieder am Wand vun de Beem,

an de Flouer ass eidel an naass;

den Uewe séngt laang schon säi Liddchen doheem,

an de Wand hurelt säint an der Gaass.

 

Lo ginn erëm d’Owenter laang bei der Luucht,

a mir sëtzen sou munnecher Stonn

mat onse Gedanken eleng an der Uucht

an dreeme vu Summer a Sonn.

 

Ma lo kënnt och geschwënn rëm déi heemelech Zäit,

wou de Kleeschen an d’Haiser geet,

wou den Herrgott als Kand an der Krëppche läit

an de Chrëschtbam voll Liichtercher steet.