Arem Sprooch :)
Wa mir hei och ewell méi ewéi 10 Joer iwwer eis Sprooch ‘schnëssen‘, dann ower och driwwer ‚braddelen‘, datt si nëmme fir deen ‚aarm‘ ka sinn, dee selwer sprooch-aarm ass. Am Lëtzebuergesche wéi an aneren ‚dichtege Sproochen hunn d’Leit am normale Gespréich net méi ewéi ongeféier 3000 Wierder ‚drop‘. Si schwätzen also net ewéi ‚geschriwwen a gedréckt‘, mä just, datt hire Vis-à-vis si versteet. Mat der ‚Schreif‘ ass dat ganz anescht; do gebrauche mir an eiser Sprooch, grad ewéi am Däitschen odere Franséischen Ausdréck, déi mir net ‚am Mond‘, mä just an der Schreif hunn. Stëmmt dat dann elo oder net?
Ech weess net, wien den Titel ‚Schnëssen‘ fir déi (intressant) Initiativ vun eiser Uni fonnt, virgeschloen an decidéiert huet, fir déi verschidde Wierder regional- oder esouguer uertschaftsméisseg ze ‚sammelen‘ a quantitativ ze verschaffen. Op jidfer Fall keen, deen d’Lëtzebuergescht déif bannenan huet. ‚Schnëssen‘…huet bei äis eng ganz aner Bedeitung (Konotatioun) wéi just ‚schwätzen‘ (Semiologie!). Wann ech mat mengem Noper schwätzen, dann ass dat net onbedéngt eng ‚Schnëssegt‘; beim Patt gëtt e sëlleche matenee gebraddelt, gediedegt oder gemault, net onbedéngt ‚geschnësst‘. Dat Verb ass zimlech ‚hänkeg‘, ‚queesch‘ an net grad ‚léif‘, fir net ze soen esouguer negativ beluecht. Wien e bësse Fanger- oder villméi Mondspëtzegefill fir d’Lëtzebuergescht huet, dee weess ganz kloer, datt ‚schnëssen‘ eppes ganz anescht ass wéi einfach ‚schwätzen‘ .
Jiddereen, deen eis Sprooch e bëssen am Gebrauch huet, weess jo och, wat eng ‚Schnëss‘ ass; dat ass bestëmmt net léif iwwer e Gesiicht geschwat (Lidd:Wat eng Schnëss!). A wann ech soen, et hätt een eng ‚Schnëss‘ geschnidden, da war hie jo éischter granzeg/rosen. .. et feelt net vill, da gëtt hie mir eng… op d’Schnëss! Op jidfer Fall ass et net positiv, wann ee mengt, en aneren hätt eng ‚Schnëss gemaach/geschnidden‘. Soe mir vun engem, hie wier e ‚Schnëssert‘, dann hale mir net apaart vill vun deem, wat hie seet/schwätzt; dat ass dann datselwecht, wéi wa mir genge soen, hie wier e Braddeler, oder och nach e Sabbeler, Tuddeler, Saffthari… wierklech alles wéi net fein/positiv.
Hei gesi mir zesoen niewebäi, datt eis Sprooch gaaaanz intressant Gefillsënnerscheeder ze bidden huet… oder ‚hätt‘, wann een sech emol méi gemitterlech dra knéit. Vläicht ass et net ‚dolaanscht‘, drun ze denken, datt emol dësen oder deen Uni-Student (oder e Kollektiv) sech Gedanken iwwer eng Master- oder esouguer Dokter-Aarbecht um Gebitt vun der ‚Polyvalenz‘ bei den Ausdréck a Lëtzebuergismen an eisem Our-Sauer-West-Musel-Fränkesch geng maachen. Do giff een sech wonneren, watfir en herrleche Mosaïk ee mam Lëtzebuergesche kënnt zesummestellen.
Et kann ee wierklech gespaant sinn, wat bei deer gelungener Initiativ vu ‚Schnësserei‘ erauskënnt. Leider ass se net ganz ‚kiddelféx‘, wat d’Prinzipe vu sougenannte wëssenschaftlechen ‚Ëmfroen‘ ugeet. Rechent dach emol d’Prozenter aus, wann eng Dosen Éisleker, 10 Leit aus dem ‚Süden‘, 9 Intresséierter aus dem Zentrum a 5 Adressate vun der Musel sech iwwer ee bestëmmten Ausdrock melden… an dann dréint dir dat a Prozenter… dat gëtt Bulli! Dovu kennt de Frënd Fernand Fehlen e ganze Kuerf méi ewéi mir. Mä et kënnt een net dolaanscht, ze soen, datt déi ganz Entreprise zimlech wibbeleg op de Been ass
Eppes ass sécher: Eis Sprooch ass immens méi räich wéi een et bei enger ‚Schnësserei‘ kann erauskruwwelen! Näischt fir ongutt.