Datt de Literaturpräiss dëst Joer un e lëtzebuergescht Wierk gaang ass, huet natierlech jidderee gefreet, deem eis Sprooch um Häerz (an um Verstand) läit. Net aus falschgetrëtztem Nationalismus, mä ganz einfach als Bewäis, datt d’Lëtzebuergescht um gudde Wee ass. De Romain Butti huet dofir och hei an eiser klenger Rubrik en zolitte Merci verdéngt! Den Titel, „fir wann ech net méi kann“ ass bal eng Erausfuerderung, fir ze soen, datt eis Sprooch ower nach ganz sécher ‚kann‘… yes, we can!Mir sollen net vergiessen, datt de ‚Genre‘ Theater  dem Lëtzebuergeschen ewell am 19. Joerhonnert  am Fong richteg op de Spronk gehollef huet. Mam Dicks sengem ‚Scholdschäin‘ an all dem Edmond de la Fontaine sengen aneren Theaterstécker duerno, sinn eng Partie Lidder opkomm, déi och nach méi ewéi 170 Joer duerno mat Begeeschterung iwwerall do ‚geschmuttert ginn, wou ‚eng lass‘ ass; si guffen a bleiwen am gudde Sënn ‚populär‘.  Natierlech huet dat deemools och de Michel Lentz matgerappt, deem mir e schéine Grapp eiser Lidder schëlleg sinn – ënner anerem eist Nationallidd ‚Ons Heemecht‘ – vun  deenen der haut nach e schéine Kierfche voll bei de feste Fong vun deer Sprooch gehéieren, déi jo 1984 (als Kär vun eiser ‚polyglotter‘ Sproochsituatioun) de gesetzlechen ‚Idiom‘ vun eisem klengen, mä souveraine Land (ginn) ass.

Datt dem Michel Rodange säi REENERT esou e laangen an zolitte Wee duerch eis Generatioune gemaach huet, ass och alt wéinst senger ‚Form‘ keen Zoufall. D’Fuussegeschicht ass dach ganz kloer en Theaterstéck! Am Franséischen heescht et, datt dem LaFontaine seng Fabelen ‚une  pièce de théâtre à cent actes divers‘ wieren… da muss ee vum Reenert dach kënne soen, datt déi Fuussegeschicht ganz sécher ‚une pièce de théâtre à cent fables diverses‘ ass… wat vru Joeren de Bühnespezialist Frank Feitler mat senger talentéierter Equipe esou formidabel op deer Wëlzer Schlassbühn  ge- a bewisen huet; net ze vergiessen, do wou eise Reenert vum Wëlzer Bierger Rodange entstan ass; do, wou mir de Reenert-Park mat den herrleche Carrara-Marber-Skulpture vum Ad.Deville haut hunn… dee kee soll verpassen, deem eist Land a seng Sprooch (a seng Konscht!) eppes bedeit.

Á propos WOLZ! Dem ‚Festival‘, dee vru ronn 70 Joer mam Schiller sengem ‚Wilhelm Tell‘ an deem eemolege ‚Schlassgoort oagefongen hoat‘, ass no an no aus e sëllechen Ursaachen de fréiere ‚Wappes‘ ausgaang; de Publikum ass nun emol deermoosse mat TV a finanzkräftegen Organisateure verwinnt, datt déi Weelzer do net méi kënnen nokommen; si haten an den 20 éischte Joere bal ‚alles‘ op hirer formidabeler Bühn, wat Numm a Rang um Gebitt vun Theater a Musek vun allen Zorten opweises hat… dorun ass (reng finanziell!) emol am Dram net méi ze denken! Mussen dofir ower all Klëppele bei jidfer Tromm gehäit ginn? Ganz bestëmmt net, well mir hunn do d’Méiglechkeet, äis – bausst deenen immensen Offerte vun der Stad an Esch – eng richteg heemlech Theaterszeen mat deene kéipweise Stécker aus eiser Sprooch ze bidden! Do wier mat Dicks, Reuland, Tit Schroeder, Norbert Weber, Paul Greisch, Jempy Kemmer, Alain Atten asw. all Joer, oder an ‚Zykle‘ vun 2-3 Joer deen immense Bühnekomlex vu Wolz struppevoll ze kréien.

Och eisem neie ‚Laureatus‘ Romain Butti  säi ‚Goldstéck‘ „Fir wann ech net méi kann“ hätt jo dann do seng Plaz.