Si mir francophon?
Et huet emol een, deen et bestëmmt wësse muss – de Lambert Schlechter – gesot, mir wieren héchstens ‘francographe mä net ‘francophone’. Domat huet de Frënd Lambert gemengt, datt mir ‚eist‘ Franséisch an der Schoul léieren, an net als Debbessen doheem bei der Mamm, dem Papp an der Famill… an dat ass nun emol Lëtzebuergesch a keng aner Sprooch. Datt mir – ee Gléck – ganz fréi duerch d’Schoul an zwou héich kultivéiert Sprooche souzesoe ‚gezappt‘ ginn, ass eng Chance fir äis a fir eist Land! Duerch déi da méi spéit Sproochsituatioun vu Lëtzebuergesch-Däitsch-Franséisch kënne mir och liicht iwwer eis kleng Grenzen eraus kucken, liesen a schreiwen. Wann der dann elo mengen, dofir kënnte mir jo ower am Fong och keng Sprooch perfekt am Grëff hunn, leien si zwar net falsch, ower wat heescht hei ‚perfekt‘? Ass da jidfer Fransous e ‚Spezialist‘ an der Sprooch vum Albert Camus an all Däitsche ‚kiddelféx‘ am Grass senger? Nach laaaang net! Mä esou Behaaptunge kommen ee vir, wéi e Mupp, deen aus dem Waasser klëmmt an sech rëselt, fir deer lästeger Netzt lasszeginn. Et steet jo jidferengem fräi, sech an déi eng oder aner Sprooch méi déif eranzeknéien. Dat (ver-)nennt sech dann Niveau… ower och do gëtt et erëm ‚Träppleken‘.
An dësem Gedankestreech misst een och nach eppes ernimmen, wourun net esou dacks geduecht gëtt: Duerch eis lëtzebuergesch-däitsch-franséisch Sproochelandschaft ass et fir knapps een an Europa méi liicht Englesch ze léieren, well dat jo ower zum gréissten Deel aus dem Germanesch-Romaneschem kënnt; et huet emol ee gesot, ouni Däitscht an d’Franséischt an hirer Sprooch missten d’Englänner billen… lëschteg, ower net esou falsch.
Wat elo d’Franséischt fir äis ugeet, ass dat äis am Fong net esou no wéi d’Däitscht. Dat ass natierlech och erëm gutt ze verstoen, wann ee bedenkt, datt d’Houdäitscht an d’Lëtzebuergescht, dat ‚Fränkescht, déiselwecht Wuerzelen am Germaneschen hunn, grad ewéi d’Hollännescht, d’Dänescht an déi aner skandinavesch Sproochen; fir d’Franséisch zitt dat Romanescht méi vun ‚ënnen erop‘; och net ze vergiessen, datt de François Ier vru ronn 500 Joer d’Franséischt ganz autoritär als d’offiziell Sprooch vu sengem (zentraliséierte) Kinnekräich dekretéiert huet… basta!
Dat huet ower net fir ‚äis‘ gegollt, well mir jo dunn net einfach esou zur ‚douce France‘ gehéiert hunn. Déi ‚Déck‘ stongen och hei mam diplomatesche Fouss am klassesche Franséischen. Esouguer ënnert den éisträicheschen habsburgeschen ‚Herrscher‘ ass hei net op däitsch regéiert an dekretéiert ginn, mä op franséisch, grad ewéi duerno an der Revolutiouns- an Napoléonszäit. Mä am Ufank vun der ‚hollännescher Period‘ krut d’Däitsch eng aner Positioun, sief et um juristeschen oder schoulméissege Plang… mä och hei ass d’Saach méi komplex bliwwen, wéi dat sech esou einfach soe léisst. Eent ass sécher: de Lëtzebuerger war ni franséischsproocheg. Hien ass nun emol am breede Begrëff ‚germanophon‘. Leider gëtt dat ze dacks mat ‚däitschsproocheg‘ verwiesselt, wat strenggehol net stëmmt!
1982 huet de Jack Lang, als franséische Kulturminister zu Cotonou bei der ‚Francophonie‘ gemengt, äis och bei ‚pays francophones‘ missen ze rechnen. Op meng Reklamatioun, mir giffen zwar (ganz gär) d’Franséischt gebrauchen, ower ‚francophone‘ wier de Lëtzebuerger net. Mais monsieur, vous parlez un français très convenable, donc…an der Schlussresolutioun huet et dann ower zugudderlescht geheescht ‚les pays francophones ou faisant officiellement usage de la langue française, réunis à Cotonou (Bénin), déclarent…‘. Domat hat (an huet) et sech !