Gëscht an haut…
Et guff alt emol gesot, dem Lëtzebuerger seng Fruppsspezialitéit wier am Fong ‚VILL a genuch‘. Wann een dëser Deeg esou duerch d’Butteker geet oder d’Reklammen an der Press kuckt, da si mir jo och net wäit dovun… mat deem Ënnerscheed, datt dat GUTT nach ëmmer besser gëtt.. mir sinn nun emol verwinnte Gissercher, well dat war nach laang net ëmmer esou. Vläicht sollte mir och alt emol drun denken, datt eist himmlecht ‚Schlaraffia‘ net grad esou ka bleiwen.
‚An der Zäit‘ guff et op Helleger Owend, d’meescht no der Hallefnuechtsmass, eng geschméicheg Träip mat Äppelkompott; deen aneren Dag eng GEHÄERZT Brittzopp, a wann et gaaaanz gutt gaang ass alt vläicht e Poulet an duerno als Dessert eng Äppel- oder Quetschentaart. Guer net schlecht, an d’Haaptsaach: Mir waren zefridden!
Hei kënnt eis Sprooch natierlech och zu hirem: Wien huet dann net op dat ganzt Gefrupps GEGAMMST? Wien ze GLOTT war, huet och näischt Anescht kritt, och wann d’GLOSCHT hie RABBELKÄPPEG gemaach hätt… Et stëmmt jo ower och, datt mir de Mond do stoen haten, wou eis Kanner a Kandskanner en haut stoen hunn; mä mir sollen hinnen näischt virwerfen, un dat mir Eeler si zugudderlescht dach gewinnt hunn. Oder?
Ass iech och nach bewosst, datt mir en apaart lëtzebuergescht Wuert un de Chrëschtbeemche gehaang hunn: de SPÄIZMÄNNCHEN! Déi Beemercher haten ower keng LÄMMERCHER méi, a mir hunn och keng STRÄNZ gebrauch, fir si ze netzen; déi ‚neimoudesch ‚Géisskan‘ kënne mir also och hei roueg vergiessen.
Dat wier dann emol eng Grimmel rondrëm Chrëschtdag, deen een elo ,ee Gléck, och mat deem CH-Ufank zesoen iwwerall an de Reklammen an Artikele fënnt… de ‚Krësch‘ schénge mir dann elo definitiv beim Gussefriesse gelooss ze hunn. Datt et dee ‚K‘ aplaz den ‚CH‘ z.B. a skandinavesche Sprooche gëtt, soll äis net stéieren; mir sinn do mam ‚Christus‘, dem ‚CH‘ bei politesch Parteinimm, grad ewéi mam franséischen ‚CH‘ oder dem Weltsprooch-Englesche wéi mat der Schreifweis am Italiéineschen, dem Spueneschen a Portugiseschen dach net a schlechter Gesellschaft… an domat no beim Ufank vun deem Numm aus dem Griecheschen. An dann:
*Vläicht frot dir iech och, ob äre Schreiwer net nach dees typesche Lëtzebuergeschen ‚op der Lee‘ huet, wéi dir et honnerteweis jo a mengem Bichelchen ‚ABEEJO‘ fannt… dat iwregens nach ëmmer, mat dem Carlo Schneider senge flotte Karrikaturen, an eise Bicherbutteker ze kréien ass. Et giffen deer Bicher nach op d’mannst 3 oder 4! Hei sinn emol nach e puer eiser Ausdréck… a probéiert déi emol op Däitsch oder Franséisch ze iwwersetzen: Ech mengen, de Jang huet eng wëlles – well hien huet nees keng Gutt an der Kopp – d’Ketti bitzt mat enger dënner Nol, net mat enger Spéngel – eise Bop ass nawell erëm doruechter .
*Ëmgedréint: Firwat bleiwe mir esou un absolutt onnéidegen Ausdréck aus anere Sproochen hänken, wann een deeselwechte Gedanke grad esou gutt op Lëtzebuergesch kann ausdrécken? Datt ee Schreiwer/Photograph e Recht op seng Produktioun wëllt hunn, ass natierlech ze verstoen; mä muss hien sech seng ‚Rechter virbehalen‘? Firwat schreiwe mir net einfach, e Buch wier do an do ze kréien… a menge vläicht, et wier besser, wann et ‚erhältlech‘ wier.
Zugudderlescht:
Fir iech alleguer e friddleche Chrëschtdag an och elo well en zefriddent Neit Joer!