Gelungenerweis…
gëtt et esou sëllechen* an eiser Sprooch, vun deem mir automatesch denken, et wier dach einfach dees Däitschen. Näischt géint dem Thomas Mann seng héich kulturell Sprooch, ower an eisem klengen Eckelchen huet sech sproochlech eppes entwéckelt, dat plazeweis meilewäit vum Houdäitschen ewech läit. Natierlech kann een dat elo ‚Dialekt‘ vernennen; ower weltbekannt Sproochspezialiste wéi d’Professeren Henriette Walter oder de Claude Haguège hunn emol gesot a geschriwwen, all Sprooch wier am Fong en Dialekt; si mussen et bal wëssen, well déi 2 ‚Sommitéite‘ schwätze spilles* eng Dose Sproochen! Eng sougenannt ‚Héichsprooch‘ ass dach bal ëmmer aus deem entstan, wat aus dem Dialektelen an hir geschriwwe stong/steet. Dofir kann ee vum Lëtzebuergesche soen, et wier zënter ronn 50 Joer um gudde Wee, fir sech eng butzeg Plaz bei anere Schrëftsproochen ze ‚noperen*‘.
Natierlch verschwannen d’Wierder an Ausdrocksweisen, déi nëmmen eng mëndlech Iwwerliwwerung hunn, mat deenen, déi si esou just an der ‚Schwätz‘ hunn. Si ginn zesoen net dokumentéiert a verblatze wéi e beschriwwent Blat an der Sonn. Et geet och alt net grad duer, wann nëmme ‚Schrëftsteller‘ sech mat enger Sprooch ofginn; si kënnen se op eng kënschtlerech Manéier méi glënnereg* maachen, ower d’Massemedien hunn do eng aner wichteg Roll: vrun allem déi geschriwwe Press, an haut déi elektronesch Mëttlen… och fir d’Lëtzebuergescht!
Wa mir z.B. soen, et geng een e ‚laange Leeër maachen‘, hie giff ‚schnuddelen‘, sech ‚schudderen‘ an d’Gesiicht giff ‚glousen‘… da fënnt een dat och alt net esou liicht iwwersat beim Grass oder dem Walser. Eng Iwwersetzung vum ‚rosene Wuerm‘ ass och net esou einfach op Däitsch ze maachen; a wann ee seet, du solls net ‚un engem Roff pëtzen‘, da gëtt dat net onbedéngt zu Tréier verstan. Wann een eng ‚Pautsch‘ huet, déi jo ower keng ‚Eess‘ muss sinn, da soll een och net do dru kniwwele* goen. Wann et iech ‚bäisst‘ da gengt dir jo nawell gär kraze bis et eng ‚éimeg‘ Plaz gëtt… a gelungenerweis si mir hei esouguer praktesch am Griecheschen, wou ‚haima‘ fir Blutt gesot gëtt.
An eiser Sprooch, grad ewéi an anere gëtt et nun emol Ausdréck, déi am Fong net iwwersetzbar sinn; wëllt een se dann an déi aner Sprooch eriwwerhuelen, da verschwënnt hirt Gesiicht hannert dem Gedanken, deen ee wëllt ausdrécken, an et heescht ‚lost in translation‘.
Fir emol bei ‚kierperlechen‘ Elementer am Lëtzebuergeschen ze bleiwen: ‚D’Strass deet mir wéi, d’Schnuddel leeft mer; ech hunn eng Klatz wéi eng Bomm‘; ech kréien de Blatz net aus den Aen; vun de Boune muss ech räppsen, herno da f… an et kritt een de Sch…; wéi et schéngt, ass do eng gutt ‚Ugemaachten*‘ nawell net schlecht. Vun deenen ‚Drëppe*‘ kann een ower eng ‚u*‘ kréien an dann ‚dorëmmer trëlle wéi e Schluppert‘.
Et wier vläicht net vu Muttwëll, wa mir hei emol heinsdo deer esou ‚spezieller‘ Kapitelcher an engem Lëtzebuergesche genge bréngen, wou méi ewéi een sech giff iwwer eisen ‚Dialekt‘ wonneren; apaart well hien et nach ni geschriwwe gesinn huet, an dofir och net kennt… just dat ass de Problem vun engem Idiom, deen esou gär Dialekt vernant gëtt. Eis Sprooch ass um gudde Wee, fir dat ze ginn, wat emol een ‚un dialecte qui a réussi‘ genannt huet. Oder? (d’Stäerercher weisen op typesch EISES).