
Zanter Dezember 2007 gëtt et zu Diddeleng e Kino. De “Starlight” am CNA, dem Centre national de l’audiovisuel. Aktuell kann ee keng Filmer an ee vun deenen zwee Säll kucke goen. D’Kinosdiere sinn zou. De Grond: d’Säll gi renovéiert.
“Déi technesch Installatioune mussen erneiert ginn. Et ginn nämlech keng Ersatzstécker méi fir déi aktuell Installatiounen. A fir d’Situatioun z’evitéieren, wou eppes géif futti fueren a mir domadder a Schwieregkeete kéimen, gouf d’Decisioun geholl, elo z’investéieren”, esou den Direkter vum CNA Gilles Zeimet.
E neie Projekter a néi Ecrane kréien d’Säll vum Ciné Starlight. “Et muss eng néi Toile gespaant ginn, datt déi och kompatibel mat där néier Technologie ass”, sou de Gilles Zeimet am RTL Interview. “De grousse Changement bei Dolby Atmos ass, dass 12 Lautsprecher um Plaffong installéiert musse ginn”. Kilometeren u Kabele ginn den Ament zu Diddeleng an de Kinossäll gezunn. Aarbechten, déi eng spezialiséiert Firma duerchfeiert.
“Et soll een de Film am Kino kucken”, sou den CNA-Direkter am Gespréich mat RTL. “A wichteg, de Kino engem sou grouss ewéi méiglechem Publik zougänglech maachen”. De Ciné Starlight bitt dowéinst och de Kulturpass un. Hei kascht den Entréesticket 1,50 €.
De Kino vun Diddeleng ass ee vun de ville regionale Kinoen am Land. Et ginn der nach zu Beetebuerg, Dikrech, Ëlwen, Esch, Gréiwemaacher, Iechternach, Koler, Munneref, Rëmeleng, Veianen a Wolz. De Cinéma vun Diddeleng gehéiert mat nach siwen anere regionale Kinoen zur Associatioun “Cinextdoor”. “Dës mécht de Lien zu den Distributeure vun de Filmer”, sou de Gilles Zeimet vum CNA.
Ronn zwanzegdausend Visiteuren zielt den Diddelenger Kino pro Joer. Am grousse Sall fannen 144 Leit Plaz, 50 Plaze ginn et am klenge Sall. Owes ginn et ëmmer zwou Spéitseancen. Eng um 19.30 Auer an eng um 20 Auer. “Dat ass vum Publik gutt ugeholl ginn. Wat e grousse Succès kennt, sinn eis Kannerfilmer sonndes moies”, sou nach de Gilles Zeimet. Vun dëser Offer géife vill Famillje profitéieren.
Sechs Woche si geplangt, fir d’Aarbechten an deenen zwee Kinossäll zu Diddeleng duerchzeféieren. Wann näischt dertëscht kënnt, ginn d’Diere vum Ciné Starlight am Mäerz erëm op. De Budget fir des Ëmbauaarbechte läit bei ronn 800.000 Euro.
Bis an d'60er Jore vum 20. Joerhonnert hat Diddeleng véier Kinoen. Enner anerem de “Lutetia” an de “Roxy”.