Film vun der Woch"The Plague" vum Charlie Polinger

Frank Grotz
De Mobbing ass ee Phänomen, mat deem vill Teenager schonn emol an der enger oder anerer Form ze dinn haten.
Film vun der Woch: THE PLAGUE vum Charlie Polinger
De Mobbing ass ee Phänomen, mat deem vill Teenager schonn emol an der enger oder anerer Form ze dinn haten.

De Charlie Polinger huet sech op esou Erliefnisser aus senger eegener Jugend baséiert an een éischte Long-Métrage realiséiert, deen e staarken Androck hannerléisst.

De Ben – gespillt vum Everett Blunck – hëlt iwwert de Summer un engem Waasserballcamp deel a probéiert, trotz senger Schei Uschloss ze fannen. Mee den Jake, den d'Ekipp dominéiert, ass virun allem drop eraus, fir sech iwwert aner Kanner lëschteg ze maachen.

"The Plague" vum Charlie Polinger geet visuell bis un d'Grenze vun der Realitéit a ënnersträicht domadder den alpdramhaften a traumatesche Charakter vum Ben sengen Erliefnisser. Trotz senger Proximitéit zum Bodyhorror zeechent de Film en erschreckend realistescht Bild vum Mobbing ënnert pubertéierende Jongen. Déi eekleg Gruppendynamik, an där ee léiwer matmécht, wéi selwer zum nächsten Affer ze ginn, gëtt dobäi immens iwwerzeegt vun de jonken Acteuren duergestallt. Déi Erwuessen, déi den Eescht vun der Situatioun ze spéit erkennen oder se direkt ganz ignoréieren, kommen dobäi och net gutt ewech.

Back to Top
CIM LOGO