Internationale Gedenkdag fir VerkéiersafferErënneren, nolauschteren an nei Hoffnung fannen

Diana Hoffmann
Zejoert sinn 29 Mënschen am Verkéier ëm d’Liewe komm, 335 goufe schwéier blesséiert. D’Associatioun fir Verkéiersaffer hëlleft de Concernéierten an hire Familljen.
Erënneren, nolauschteren an nei Hoffnung fannen
Zejoert sinn 29 Mënschen am Verkéier ëm d’Liewe komm, 335 goufe schwéier blesséiert. D’Associatioun fir Verkéiersaffer hëlleft de Concernéierten.

Viru 14 Joer gouf de Lieu du Souvenir zu Weimerich bei Jonglënster ageweit, fir un d'Affer vum Stroosseverkéier z'erënneren. Hir Bedeitung huet d'Gedenkplaz bis haut net verluer. Zejoert sinn d'Zuele vun den Affer nees geklommen: 29 Mënschen hunn hiert Liewe verluer, 335 goufe schwéier blesséiert. Als schwéier blesséiert gëllt an der Verkéiersstatistik, wien op d'mannst een Dag hospitaliséiert war.

E Samschdeg war dann och de Grand-Duc Guillaume fir d’Gedenkzeremonie op d'Plaz komm. Si bedeit net nëmmen de Famillje vun de Verstuerwenen vill, mee och deenen, déi selwer en Accident iwwerlieft hunn. „Fir eis ass et wichteg, dass d'Societéit gesäit, dass et eis gëtt, an agesäit, dass eis eppes geschitt ass. Mee dass mer trotzdeem no vir kucken a weiderliewen“, erkläert d'Carine Nickels, Presidentin vun der Associatioun vun de Verkéiersaffer (AVR).

Wärend der Zeremonie hunn de Pit an de Pascal hir perséinlech Schicksaler gedeelt. D'Liewe vun deenen zwee huet d'lescht Joer abrupt changéiert. De Pit gouf als Foussgänger ugestouss, de Pascal hat e Motorradsaccident, bei deem him d'Virfaart geholl gouf. Aus der Erënnerung zitt de Pascal haut seng Kraaft. „D'Erënnerung weist mir, wien ech war, a mat där Energie kann ech mech dann nees motivéieren, no vir ze kucken. Mäi Kierper ass net méi dee selwechten, ech kann net méi goen, mee ech sinn u sech nach ëmmer dee selwechte Mënsch“, erzielt de Pascal. Béid hunn dann och net nëmmen hirer Famill a Frënn Merci gesot fir hir Ënnerstëtzung, mee och der AVR.

Et kéint ee sech net virstellen, wat op d’Mënschen duerkéim no engem Accident seet d’Carine Nickels. „Pabeierkrom, Problemer, et weess een net, wéi ee mam Patron, mat der ADEM soll eens ginn. An och fir d'Famill gëtt dat ganz vill. Wann een dann d'Hëllef huet vun enger Associatioun, déi weess, wou se uklappe soll goen, dat ass och eng grouss Hëllef fir d'Famill“, ënnersträicht d’Presidentin vun der Associatioun.

Direkt oder indirekt Betraffener kënne sech un d'AVR riichten. Dem Direkter Michaël Federici no wier et besonnesch wichteg, net eleng mat deem Erlieften ze bleiwen: “Doriwwer schwätzen an deene Leit nolauschteren. Et ass wichteg, och wann een net direkt betraff ass, deene Leit nozelauschteren, well heiansdo muss et einfach erauskommen”, sou säi Rot u Concernéierter an un d’Gesellschaft.

© RTL Grafik

Back to Top
CIM LOGO