De politesche Film “One Battle After Another” hat bei de Golden Globes dës Joer de Präis fir déi bescht Komedie gewonnen. Domadder setzt d’Tragik-Komedie sech op der Präisiwwerreechung zu Beverly Hills a Kalifornien géint Filmer wéi “Bugonia” oder “Marty Supreme” duerch. De Film vum Paul Thomas Anderson geet dohier och bei den Oscaren dëst Joer als Favorit an d’Course.
De Präis fir dat bescht Drama geet un d’Shakespeare-Verfilmung “Hamnet”. D’Familljen-Drama vun der Regisseurin Chloé Zhao war mat am Ganze sechs Nominatiounen an d’Course gaangen. De Film thematiséiert op eng fiktiv Aart a Weis d’Trauer vum William Shakespeare a senger Fra Agnes nom Doud vun hirem Bouf. Fir d’Roll vun der Fra vum Shakespeare huet déi iresch Schauspillerin Jessie Buckley de Golden Globe fir déi bescht Haaptduerstellerin an engem Drama gewonnen.
Als bescht Haaptduersteller an engem Drama gouf de brasilianesche Schauspiller Wagner Moura (bekannt fir seng Roll als Pablo Escobar an der Serie “Narcos”) ausgezeechen, déi Kéier fir seng Roll am Politthriller “The Secret Agent”.
Als beschte Schauspiller gouf den US-Amerikaner Timothée Chalamet fir seng Roll als ambitionéierten Dëschtennisspiller am Film “Marty Supreme” ausgezeechent an huet sech domadder beispillsweis géint de Leonardo DiCaprio (“One Battle After Another”) duerchgesat.
D’Australierin Rose Byrne kritt de Präis fir hier Performance an der Tragik-Komedie “If I had Legs I’d kick You”. Als beschte Regisseur gouf de Paul Thomas Anderson ausgezeechent, dat fir “One Battle After Another”.
D’Lëtzebuerger Koproduktioun “Un simple accident” vum iranesche Regisseur Jafar Panahi, déi am Ganze véier mol nominéiert war, konnt sech leider net duerchsetzen.