Wat et bedeit huet an Amerika ugangs vum 20. Joerhonnert eng homosexuell Relatioun ze féieren a wat fir Konsequenzen déi traumatesch Evenementer op déi jonk Zaldoten am Éischte Weltkrich haten, domat beschäftegt sech eise Film vun der Woch. THE History of Sound vum südafrikanesche Realisateur Oliver Hermanus ass ee romanteschen Drama, dee sech net an den übleche Clichéë vum Genre verléiert.
Wéi de Lionel 1917 d’Chance kritt um Conservatoire vu Boston seng Passioun fir de Gesang a Vollekslidder weider ze verdéiwen, ass et zugläich d’Geleeënheet aus der klenger Welt vu senger Famill senger Farm am Kentucky auszebriechen. D’Gléck vum jonke Sänger schéngt komplett, wéi hien den David kenneléiert, deen och Musek studéiert. Dëse gëtt awer um Enn vum Éischte Weltkrich agezunn an eréischt dräi Joer méi spéit gesinn déi zwee Männer sech nees zeréck.
Zesummen ënnerhuele si eng Rees duerch Amerika, bei där si traditionell Lidder aus verschidde Regiounen ophuelen. Dës Méint ginn zum zentrale Souvenir an hirer Relatioun, déi si ni ëffentlech kënnen ausliewen. Hir Weeër trenne sech op en Neits, woubäi de Lionel ni d’Hoffnung opgëtt, den David erëmzegesinn.
The History of Sound ass eng sensibel Libesgeschicht an där d’Musek d’Haaptpersonnagen als Roude Fuedem duerch eng Welt vun den ongläiche Verhältnisser féiert, an där si ni richteg hir Plaz fannen. Gedroe vun den exzellenten Acteure Paul Mescal an Josh O’Connor hannerléisst dem Oliver Hermanus seng Mise en scène mat hirer roueger Approche an engem gudde Bléck fir déi kleng Gesten e staarken Androck.