Luxembourg City Film FestivalDat hei sinn d’Filmer aus der offizieller Kompetitioun 2026

Isabelle Gillen
Vum 5.-15. Mäerz ass déi 16. Editioun vum Luxembourg City Film Festival. A véier Haapt- a 16 Ënnerkategorië ginn hei Filmer aus der ganzer Welt wärend 10 Deeg presentéiert.
© Luxembourg City Film Festival

Vu Kuerzfilmer, iwwer Documentairen, Animatiounsfilmer a Villes méi... An der offizieller Kompetitioun fënnt een dëst Joer néng Filmer, déi vun enger prominenter Jury bewäert an ausgezeechent ginn. Hei e kuerze Resumé vun de Filmer:

1. “Rose” vum Markus Schleinzer

© Paradiso Films

Den Däitsche schwaarz-wäiss Film “Rose” dierf de Film Festival 2026 opmaachen. Am historeschen Drama, deen och op der Berlinale dëst Joer vertruede war, kënnt een Dag nom Enn vum 30 järege Krich en onbekannte Zaldot an en isoléiert protestantescht Duerf, op der Sich no Integratioun. Den Zaldot ass eng als Mann verkleete Fra an dofir huet de Film sech u reelle Berichter aus der europäescher Geschicht inspiréiert. “Rose” gëtt de 5., 6. an 12. Mäerz gewisen.

2. “How to Divorce During the War” vum Andrius Blazevicius

© New Europe Film Sales

„How to Divorce During the War“ ass en Ukrainesche Film deen am Joer 2022 zu Vilnius spillt an eng Géintiwwerstellung vun engem Europa an der Kris an den intime Cataclysm vun enger Koppel weist, déi sech mëtten an der Scheedung befënnt. De Film gëtt de 6., 11. an 12. Mäerz gespillt.

3. “Nina Roza” vum Geneviève Dulude-de Celles

© Best Friend Forever

E weidere Film, deen op der Berlinale 2026 vertruede war, ass “Nina Roza”. De Papp Mihail verléisst zesumme mat sengem Meedche Roza Bulgarien nom Dout vu senger Fra a plënnert op Montréal, wou en als zäitgenëssesche Konschtexpert schafft. Hien muss d’Wierker vum jonke Nina authentifizéieren, wat op de soziale Medie viral gaangen ass a beschäftegt sech doropshin och vill mat senger eegener Vergaangenheet. De 7., 8. an 11. kann een de Film kucke goen.

4. “Mad Bills to Pay (or Destiny, dile que no soy malo)” vum Joel Vargas

© Joel Alfonso Vargas

Beim amerikanesche Coming-of-age-Film “Mad Bills to Pay“, suivéiert een en dominikaneschen Teenager aus de Bronx. De Rico verbréngt säi Summer zu New York fir Suen ze verdéngen a Kontakter ze knäppen. Wéi seng Frëndin allerdéngs onerwaart schwanger gëtt, muss hie ganz schnell erwuesse ginn. Kucke kann een de Film de 7., 10. an 11. Mäerz.

5. “Feels like Home” vum Gábor Holtai

© Celluloid Dreams

“Feels like Home” ass en ungaresche Film, deen een als Allegorie fir d’Menace vum Totalitarismus ka gesi ginn. An enger Aart psycho Thriller gëtt d’Haaptprotagonistin Rita vun engem Mann gekidnappt, dee si mat senger verluerener Schwëster verwiesselt, a muss doropshin e Wee eraus fannen. “Feels like Home” ass de 6., 12. an 13. Mäerz um Ecran.

6. “Human Resource” vum Nawapol Thamrongrattanarit

© Salaud Morisset

Den 8., 10. an 11. Mäerz, kann een dogéint den thailännesche Film “Human Resource” kucke goen. Dësen ass e Portrait vun der Aarbechtswelt um Beispill vun enger Fra déi eleng ass, déi als RH bei enger grousser Firma schafft a nieft de sozialen Ëmbréch an Thailand och mat hire ganz eegene Kämpf ze beschäftegt ass.

7. “My Father’s Shadow” vum Akinola Davies Jr.

© Lakin Ogunbanwo

„My Father’s Shadow“, en afrikanesche Film, spillt sech ganz an engem Dag of. Zwee Bridder verbréngen den Dag mat hirem Papp zu Lagos am Joer 1993, enger Zäit an där Nigeria mat enger politescher Kris ze kämpfen hat. Duerch d’Ae vun de Kanner gesäit een déi ganz Komplexitéit vun der Stad, mat hiren Tensiounen an Hoffnungen an engem schwierege Moment. Gespillt gëtt dëse Film de 7., 13. a 14. Mäerz.

8. “Rose of Nevada” vum Mark Jenkin

© Rose of Nevada

Mat “Rose of Nevada”, deen de 9., 10. an 13. Mäerz ze gesinn ass, gi mer un d’brittesch Küst. An engem klenge Fëscherduerf taucht no ronn dräi Joerzéngten e verschwonnent Boot nees am Hafen op. Fir de Fluch, deen elo anscheinend um Duerf läit, nees lass ze ginn, mussen d’Haaptprotagonisten Nick a Liam, nees mam Boot eraus op d’Mier fueren, wou sech dann och dee wichtegsten Deel vum Film ofspillt.

9. “Blue Heron” vum Sophy Romvari

© Nine Behind Productions

Dee leschte Film aus der offizieller Kompetitioun ass “Blue Heron”, en ungaresche Film an deem d’Meedche Sasha Enn vun de 90er Jore mat senger Famill op Vancouver plënnert, wou säi Brudder op eemol eng Verhalensstéierung entwéckelt. Et suivéiert een d’Geschicht duerch d’Ae vum Sasha an observéiert wéi seng eegen Entwécklung duerch säi Brudder beaflosst gëtt. Deen heite Film kann een den 9., 12. an 13. Mäerz kucke goen.

Back to Top
CIM LOGO