De Film vun der Woch"Is This Thing On?" vum Bradley Cooper

Frank Grotz
De Bradley Cooper ass net nëmmen een erfollegräichen Acteur, mee och ee Realisateur, dee mat Filmer wéi "A Star Is Born" a "Maestro" konnt iwwerzeegen. Seng drëtt Realisatioun, "Is This Thing On?", mam Will Arnett a Laura Dern an den Haaptrollen, ass méi eng kleng Produktioun, déi dofir awer net manner interessant ass.
De Film vun der Woch
“Is This Thing On?” vum Bradley Cooper

Den Alex an d’Tess hunn no 20 Joer Bestiedniss décidéiert, fir sech ze trennen. Wat fir d’Tess op den éischte Bléck eng éischter logesch Decisioun war, ass fir den Alex nëmme ganz schwéier ze verkraaften.

Duerch een Zoufall entdeckt hie fir sech d’Stand Up Comedy als ee Wee, fir déi rezent Evenementer ze verschaffen. D’Tess decidéiert sengersäits, sech nees wéi fréier am Sport ze engagéieren.

Hir jeeweileg Passioun hëlleft deenen zwee, sech selwer nei ze entdecken an den Interessi fir den anere schéngt och nees nei ze erwächen. Trotzdeem bleiwen déi al Reprochen an d’Koppel muss sech Froen, ob een Zesummeliewe wéi virdrun nees méiglech ass.

“Is This Thing On?” ass een intimistesche Film, dee mat engem batterséissen Humor beliicht, wéi d’Leit sech an enger Relatioun dacks selwer am Wee stinn. De Format vun der Stand Up Comedy stellt sech dobäi als flott erzielerescht Mëttel eraus an den Zenario evitéiert och déi üblech Klischeeë vum Scheedungskrich.

Back to Top
CIM LOGO