Film vun der WochJay Kelly vum Noah Baumbach

Loïc Tanson
The Squid And The Whale oder nach Marriage Story goufe vum Noah Baumbach, dem Co-Zenarist vum Barbie-Film realiséiert.

A senger neister Netflix-Produktioun inspiréiert hie sech um Liewe vun engem Hollywoodstar, gespillt vum George Clooney. De Loïc Tanson mam Film vun der Woch.

Den Jay Kelly ass eng grouss Hollywood-Vedette, déi net méi weess wie si wierklech ass. All dem Jay seng Erënnerunge si Filmer, a Momenter aus dem Privatliewe ginn et keng. No der Ausernanersetzung mat engem Kolleeg aus Studienzäite stellt den Jay alles a Fro a reest an Europa, fir Zäit mat senger méi jonker Duechter ze verbréngen, an niewebäi en Hommage fir säi Liewenswierk vun engem italieenesche Festival unzehuelen. Begleet vu sengem treie Manager wëll den Jay op de Fong vun deem Mënsch goen, dee sech hannert dem Showman verstoppt.

Den Jay Kelly ass eng ganz ongläich Mixtur aus amerikaneschem Kino an europäesche Filmer, déi staark vun den italieenesche Komedien inspiréiert gouf. Vum éischte Plang u gëtt de Realisateur Noah Baumbach den Toun u mat engem laangen a spektakuläre Plang an deem all méiglech kënschtlech Elementer aus der Kinossprooch lues a lues der Realitéit Plaz loossen. Dëse melancholeschen an existenzielle Film, dee voll mat Referenzen ass un europäesche Cineasten, huet wuel seng Längten, ma de Schauspill-Duo George Clooney an Adam Sandler huet eng seelen a réierend Alchimie, déi dem Baumbach seng ganz eege Sensibilitéit erëmspigelt.

Back to Top
CIM LOGO