In PaceBonnie Tyler

Michelle Reiter
Et ass nach net laang hier, dass d’Noriicht vum Dout vum Bonnie Tyler koum. Dat war den 8. Juli dëst Joer,.
© AFP/Archiv

Déi Stëmm, dat war d’Markenzeeche vum Bonnie Tyler. Dobäi déi blond Mähn an Hits déi d’Welt eruerwert hunn. Den 8. Juli ass d’Kinnigin vun de Rockballaden am Alter vu 75 Joer gestuerwen.

De gréissten Hit vum Gaynor Hopkins, opgewues an enger grousser musikanescher Famill am Wallis. Ënner dem Pseudonym Sherene Davis huet d’Sängerin scho geléiert bünefest ze ginn. Huet séier och d’Léift vum Liewe fonnt, de Immobiliemann an Olympia-Judoka Robert Sullivan mat deem si, bis zu deem sengem Dout bestuet war.

‘Lost in France’ war den éischten Hit vum Bonnie Tyler. 1976. An duerno koum de grousse Schock an en Dréi am Liewe vun der Sängerin. Eng Stëmmband-OP no där, well d’Sängerin sech net genuch geschount huet, déi rau, typesch Bonnie Tyler-Stëmm eben do war. An den Titel huet d’Sängerin kuerz drop zum Star gemaach. An den 1980er ass dunn ‘de’ groussen Hit vum Bonnie Tyler eraus komm, It's a Heartache. An et huet ausgesinn wéi wann do guer näischt méi wier wat d‘Sängerin hätt kënnen ophalen well direkt hannendrun koum mat Holding out for a Hero e weidere gigantesche Song.

An den 1990 er dunn huet d’Bonnie Tyler mam Dieter Bohlen zesumme geschafft (bitterblue). Huet äiskal eng Offer fir en James-Bond-Titelsong net ugeholl well d’Lidd der Sängerin net gefall huet. Géint den Trac virun den Optrëtter huet d’Bonnie gär e Shot Whiskey mat Red Bull gekippt. Eng Powerfra bis zum Schluss, net u Pensioun geduecht, huet d’Liewe vum Bonnie Tyler awer séier en Enn fonnt. Den 8. Juli dëst Joer ass d’Sängerin no engem schwéieren Daarmbroch un de Komplikatioune vun enger OP gestuerwen. Fans hu Blummen an eng Fläsch Jacky virun hiert Haus zu Wales geluecht.

In Pace - Bonnie Tyler

Back to Top
CIM LOGO