
Trotz der ugeschloener Gesondheet a sengem héijen Alter hat de Kinnek Harald V. bis zum Schluss refuséiert ofzedanken, hien hat dem Parlament en Eed op Liewenszäit geschwuer. Hie gouf déi Zäit virum Doud scho vum Fils, dem 53 Joer ale Krounprënz Haakon, vertrueden, deen d’Successioun um Troun dann elo och iwwerholl huet.
D'norwegesch Kinnekskoppel an eis Groussherzoglech Famill haten och en enke Lien. Si war och bei allen groussen Evenementer hei am Land dobäi, sou zB am Oktober 2012 beim Bestietnes vum Grand-Duc Guillaume oder och wéi de Grand Duc Jean am Mee 2019 begruewe gouf. Dat war awer och der Familljen-Relatioun geschëlt, well de Kinnek Harald an d'Grande-Duchesse Josephine Charlotte Kosengen waren - hir Mammen, d'Prinzessin Märtha vu Schweden an d'Prinzessin Astrid, déi spéider belsch Kinnigin, ware Schwësteren.
Deemno sinn de Grand-Duc Henri an de neien Kinnek Haakon kleng Cousinen.
Well den Harald e Staatschef ouni Allüren war, hat säi Vollek Hie sécher och sou gären an duerfir war hien och sou geschat, an enger Famill, déi jo soss net weider vun der Press verschount ginn ass. D’Fra vum neie Kinnek Haakon, d'Mette-Marit, war dacks am Mëttelpunkt vu villen Artikelen an der Boulevard-Press: dat well ëmmer nees Lienen zum Jeffrey Epstein opgedaucht sinn, an och nach am Juni wéi d'Mette-Marit eng Longen-Transplantatioun hat. Och hire Jong Marius Borg Hoiby war am Fokus vun de Medien, well hie wéinst 2-fachem Viol zu 4 Joer Prisong verurteelt gouf, den Appelprozess ass fir Februar dat anert Joer ugesat.
De Sport loung dem Harald an huet sech op sengem Seegelboot wuel gefillt, dat mat och 3 Participatiounen tëscht 1964 an 1972 bei olympesche Spiller. An alle Käpp bleift och den emotionellen Discours vum Harald nom Massaker vun Utoya, bei deem den Neonazi Anders Breivik 77 Jonker ermort huet, an de Staatschef sech mat Tréinen an den Aen un d'Familljen vun den Affer adresséiert huet an hinne sot, datt Hien hir Péng kéint als Papp a Grousspapp nëmmen all ze gutt noempfannen..