
Ee vun hinnen ass de Mario Adorf. Dacks war en dee Béisen. Zum Beispill als Santer an de Winnetou Filmer. Onvergiess och säin Optrëtt am Buedmantel als Geschäftsmann Haffenloher am Helmut Dietl senger Kultserie "Kir Royal".
Ma e konnt méi si wéi den haarde Kärel oder de lusche Personnage. A Filmer wéi "Die Blechtrommel" weist e wéi breetgefächert säi Kënnen ass.
Zu Zürech gebuer, an den Äifel opgewuess, ma doheem war de Mario Adorf virun der Kamera. E Schauspiller mat ville Facetten, dee sengem Beruff bis an den héijen Alter trei bliwwen ass an iwwer Joerzéngten déi däitsch Kino- a Fernseewelt gepräägt huet.
De Mario Adorf ass den 6. Abrëll 2026 am Alter vu 95 Joer zu Paräis gestuerwen. En war a méi wéi 200 Film - a Tëlees Produktiounen ze gesinn.