
Viru ronn engem Joer huet de Brad Arnold mat engem emotionale Post senge Fans matgedeelt datt hie Kriibs hätt.
Leider konnt säi Glawen näischt géint d'Krankheet maachen an esou ass d'Stëmm vun 3 Doors Down dëst Joer fir ëmmer vun eis gaangen. Wat bleift sinn Hits wéi Kryptonite, Here Without You oder Be Like That mat deene 3 Doors Down Fans ronderëm de Globus begeeschtert huet.
An hire Lidder ass et meeschtens ëm Hoffnung, Verloscht, Léift a perséinlech Kämpf gaangen. Nieft der Musek war de Brad Arnold och fir seng reliéis Astellung a seng oppen Aart bekannt. Hien huet ëffentlech iwwer säi Kampf géint den Alkohol geschwat an huet sech ëmmer nees fir aner Mënschen agesat. D'Band huet ënner anerem mat hirer „The Better Life Foundation“ karitativ Projeten ënnerstëtzt.
2003 an 2011 war déi amerikanesch Rockgrupp och hei zu Lëtzebuerg fir 2 Concerten am Atelier. Zu engem 3. Concert sollt et net komme well 2020 an 2021 och 3 Doors Down wéinst de Covid-19-Restriktiounen hir Touren ofgesot haten