In PaceCatherine Ringer - Les Rita Mitsouko

Marie Gales
D’Actrice a Sängerin huet de 14. September 2026 am Alter vun 68 Joer de Kampf géint de Kriibs verluer.
© JOEL SAGET/AFP

Les Rita Mitsouko hu se sech genannt, de Fred Chichin, deen 2007 och u Kriibs gestuerwen ass a seng Fra Catherine Ringer, déi zanter 1980 zesumme waren, Musek gemaach hunn an 3 Kanner kruten.

Wéi dës Band beschreiwen, e Stilmix aus esou villem, och Rock, Punk an Jazz, a virun allem huet d’Stëmm vum Catherine Ringer ervirgestach. Hiren éischten Hit Marcia Baila um éischten Album, soll dann och dee sinn, deen am bekanntste war. Bis 2007 hu si zesumme Musek gemaach.

Nom Doud vun hirem Mann, huet d’Catherine Ringer sech awer net verstoppt an ass och nach ëmmer opgetrueden, huet ënner anerem Gedichter virgedroen. Virun der Karriär ma Les Rita Mitsouko hat si mat 15 Joer d’Schoul verlooss, Theater gespillt a gedanzt an tëscht 1976 an 1982 war si och an enger Rei Pornofilmer derbäi. Dës goufen Mëtt der 1980er op eemol, wéi d’Band méi bekannt gouf, nees vu Bedeitung. Der Karriär vun Les Rita Mitsouko sollt et net schueden, obwuel si an engem Interview drop higewisen huet, datt een als Fra an der Pornografie net vill ze mellen huet.

Engagéiert géint de Rietsextremismus, fir d’Ëmwelt a fir d’Rechter vun de Fraen, huet si 2024 nach d’Marseillaise gesonge wéi d’Recht fir Ofzedreiwen an d’Constitutioun geschriwwe gouf.

In Pace - Catherine Ringer

Back to Top
CIM LOGO